Robert Winter

Vu Wikipedia
Robert Winter
Gebuer 13. Januar 1921
Dikrech
Gestuerwen 6. Mäerz 2005
Sëll
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Offizéier

De Robert Nicolas Winter, gebuer den 13. Januar 1921 zu Dikrech[1] a gestuerwen de 6. Mäerz 2005 zu Sëll, war e lëtzebuergeschen Offizéier a Chef d'État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi.

Putsch vun den Offizéier

Den 2. August 1946, um fënnef Auer moies, sinn den Emile Krieps, de Läitnant Robert Winter, de Majouer Rudy Ensch an de Läitnant Jean Juttel, alle véier Resistenzler, vun der Sûreté verhaft ginn. Si krute virgeworf, de sougenannte Putsch vun den Offizéier géint d'Regierung vun der Nationaler Unioun ënner dem Pierre Dupong geplangt ze hunn.[2] Et huet sech awer erausgestallt datt et sech ëm e montéierte Coup gehandelt hat, bei deem de Minister Joseph Bech als Drotzéier gegollt huet.

Affär Robert Winter

Den 21. Juni 1959 gouf de Majouer Robert Winter Chef vum Etat-Major vun der lëtzebuergescher Arméi (wärend dem Detachement vum Colonel Guillaume Albrecht) an hie gouf autoriséiert de Titel Lieutenant-Colonel ze droen.[3]

Den 22. Januar 1960 gouf de Robert Winter duerch en arrêté grand-ducal dunn definitiv Chef vum Etat-Major vun der lëtzebuergescher Arméi.[4]

Den Arméichef Colonel Robert Winter krut den 22. Februar 1966 duerch eng Decisioun vun der Regierung säi Posten als Chef vum Etat-Major ewechgeholl. Dës Decisioun gouf duerch en Arrêt vum 22. Februar 1967 vum Staatsrot opgehuewe wéinst vice de forme a vice de pouvoir. Dëst huet awer net dozou gefouert datt de Robert Winter säi Posten zeréck kritt hätt.[5]

Gielchen

Literatur

  • Henri Koch-Kent, Putsch à Luxembourg?; Lëtzebuerg (Imprimerie Hermann), November 1979.
  • Jacques Dollar & (Lt-Col.) Robert Kayser, Histoire de la "Luxembourg Battery"; Lëtzebuerg (Imprimerie Centrale), 1982.
  • Paul Cerf, Le Luxembourg et son armée - Le service obligatoire au Grand-Duché de Luxembourg de 1945 à 1967; Lëtzebuerg, RTL Édition, 1984; vgl. Ss. 127-131 ('L'affaire Winter').
  • Rob Roemen, Als die Regierung gegen den Militärchef putschte (= Gespréich mam Robert Winter); in: 'Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert'; Éditions Binsfeld, Lëtzebuerg, 1989.
  • Georges Zens, Robert Winter; in: 'REVUE' vum 24. November 1999 (Artikelseri "De Lëtzebuerger vum Joerhonnert"), Ss. 42-43.
  • Michel Petit, Le colonel Winter; in: 'Le Jeudi' vum 2. Dezember 2004 (Rubrik Que sont-ils devenus?).

Referenzen

  1. De Robert Winter op ons-jongen-a-meedercher.lu
  2. «Affaire Montée», Témoignage d'Emile Krieps Extrait aus Putsch à Luxembourg? vum Henri Koch-Kent, publizéiert am forum für Politik, Gesellschaft und Kultur, Nr. 251, November 20005
  3. arrêté ministériel du 12 juin 1959 am Memorial N°31 vum 2. Juli 1959
  4. arrêté grand-ducal du 22 janvier 1960 am Memorial N°7 vum 6. Februar 1960
  5. Putsch à Luxembourg? vum Henri-Koch Kent, am Kapitel 'Les survivants' op de Säiten 31 an 32 (an der PDF Versioun op ons-jongen-a-meedercher.lu op de Säiten 16 a 17)
  6. Lëscht vu Leit déi 1960 am ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen am Memorial N°17 vum 11. Mäerz 1960
  7. (fr)Décorations décernées à des membres méritants de l’Armée, de la Gendarmerie et de la Police - Armée 6. eluxemburgensia.lu (26. Juni 1962). Gekuckt de(n) 27. FEbruar 2024.