Thorn (Limburg)
Thorn | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Land | Holland |
Provënz |
![]() |
Awunner | 2.602 (2000) |
Fläch | 6,68 km² |
Koordinaten | 51°10'0"N, 5°50'0"O |
Postcode | 6017 |
![]() | |
Thorn ass eng Uertschaft, an eng fréier Gemeng am Süde vun der hollännescher Provënz Limburg. Thorn läit op der Grenz mat der Belsch, an déi belsch Nopeschuertschaft ass Kessenich. An Holland stéisst Thorn un d'Uertschaften Ittervoort, Heel, a Weessem.
Wéinst den Haiser am Zentrum, déi all wäiss ugestrach sinn, gëtt Thorn déi Wäiss Stiedche genannt.
Den 1. Januar 2007 huet Thorn mat de Gemenge Maasbracht an Heel zu der neier Gemeng Maasgouw fusionéiert.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
D'Geschicht vun Thorn hänkt enk zesumme mat der Geschicht vun der Abtei vun Thorn, déi 975 vum Ansfried vun Utrecht gegrënnt gouf. D'Klouschter dat am Laf vun der Zäit méi grouss gouf, gouf och méi weltlech, mat dem Resultat datt e klengt Fürstentum entstanen ass. Et war, mat e puer Nopeschuertschaften, de klengsten eegestännege Staat am Hellege Réimesche Räich.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Thorn (Limburg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
