Diskussioun:Brigade Piron

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Emile Krieps, Offizéier (zum Schluss Lieutenant-Colonel) an der lëtzebuergescher Arméi a spéidere Minister, wor ni an der Brigade Piron.

Wann dat soll stëmmen da froen ech mech firwat datt en ëmmer op de Versammlunge vun de Membere vun der Brigade Piron war. Ech hunn den Emile Krieps perséinlech kannt, an hie war e Kolleg vum mengem Monni dem Paul Weis vu Klengbetten, an déi zwéi waren an der Brigade Piron zesummen.

En ass zwar och net op der Websäit vun der Brigade Piron ernimmt. Mä et gëtt eng Lëscht vun der Amicale déi se haten. Ech kucken datt ech mol un déi kommen.

Les Meloures 13:49, 27. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]


Den Émile Krieps, deen ech perséinlech kannt hunn, war ni an der Brigade Piron. 1940 war hien, dee Schoulmeeschter war, an der Resistenz. Hie gouf awer vun de Preisen erwëscht an eng Zäitchen zu Hinzert agespaart, mee schliesslech fräigelooss (d'Preisen hu gemengt, si hätten hie mat engem anere verwiesselt). Duerno ass e mat engem Kolleeg duerch ganz Frankräich an iwwer d'Pyrenäen a Franco-Spuenie komm wou en d'KZ Miranda de Ebro 4 Méint laang kennegeléiert huet. E konnt awer Mëtt Juni 1943 mat enger Grupp vu 26 Hollänner an 3 aner Lëtzebuerger no Portugal auswäichen a schliesslech no England transportéiert ginn. Do wollt e bei d'RAF, mee hie krut e Virschlag gemaach, fir bei d'belsch Sektioun vum MI6 ze goen, wou d'Ausbildung net sou laang gedauert huet. Do gouf en zum Agent-parachutiste ausgebilt, an en ass am Juli 1944 an der Géigend vu Beaumont (Hainaut belge) fir eng Missioun hannert der Front mam Fallschierm ofgesat ginn. Nom Krich war en als Offizéier an der Lëtzebuerger Arméi, ier en an d'Politik goung. Hie gouf President vun den Anciens Combattants, an dofir war hien ëmmer nees bei den ale Membere vun der Brigade resp. vun der Luxembourg Battery unzetreffen, mee och bei de fréiere Korea-Krichsveteranen, asw.. - Chip


Elo bräichte mer just nach een, deem all déi Informatiounen an den Artikel Emile Krieps abaue géif...
Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--Zinneke (Diskussioun) 13:51, 3. Mee 2020 (UTC)[äntweren]