Marlyse Pauly

Vu Wikipedia
Marlyse Pauly
Gebuer 13. August 1950
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lycéesprofesser

D'Marlyse Pauly, gebuer den 13. August 1950, ass eng fréier Generalsekretärin vum COSL, Geschichtsprofessesch an Directrice adjointe (1990-2003) vum Lycée Nic-Biever.

No hirem Studium (Geschicht an Däitsch) op der Universitéit vu Saarbrécken huet d'Marlyse Pauly hire Stage pédagogique am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht gemaach (1974-1977). Duerno ass si Professesch am Lycée technique Nic.-Biever zu Diddeleng ginn. 1990 ass si do zur Directrice adjointe nominéiert ginn. 2003 huet si de Schoulbetriib verlooss fir Generalsekretärin vum Comité olympique et sportif luxembourgeois ze ginn.

Als jonkt Meedche war si Turnerin am Veräin Le Réveil vu Beetebuerg. 1967-1982 huet si ganz aktiv beim BBC-Nitia Basketball gespillt. Do war si och Jugendtrainerin (1975-1985), eng Funktioun, déi si och nach bei der FLBB hat.

Vun 1974 bis 1986 war si am Comité vum BBC-Nitia; vun 1977 bis 1984 an der Sportskommissioun vum FLBB; vun 1984 bis 1995 am Verwaltungsrot vun der FLBB an zanter 1997 Member vum Verwaltungsrot vum COSL (zum Schluss Vizepresidentin vum Verwaltungsrot, Member vum Bureau exécutif, Presidentin vum Bureau promotionnel a Presidentin vun der Schoulsportkommissioun). Am September 2003 ass si, nom Récktrëtt vum Raymond Hastert, als nei Generalsekretärin vum COSL gewielt ginn.

D'Marlyse Pauly huet 1993, an der Jubiläumsschrëft 25e anniversaire Lycée technique Nic.-Biever 1968-1993, eng Kuerzbiographie vum fréiere Gewerkschafter, Politiker a Minister Nic. Biever publizéiert: Nic. Biever (22 mai 1894 - 15 juillet 1965) (vgl. d'Ss. 25-30, ill.!).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Claude Clemens, Marlyse Pauly neue COSL-Generalsekretärin ; in: Tageblatt, Ausgab vum 24. September 2003 (S. 47, ill.).
  • Kollektiv, 25e anniversaire Lycée technique Nic.-Biever 1968-1993; Diddeléng (Impr. Hengen), 1993; 335 Säiten.