Diskussioun:Cours supérieurs

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien Här Linkels,

ech fannen är Artikelen interessant fir d'lëtzebuerger Wikipedia ze beräicheren. Ech mierken awer och datt dir d'Redigéieren am Sënn vun der Wiki nach net am Grëff hutt. Dat ass awer keng Schan, sou evident ass et net. Ech bidden iech meng Hëllef fir d'Iwwerschaffe vun dësem Artikel an den nächsten Deg un. Ech bieden duefir d'Adminne vum Läsche vun der Säit ofzegesinn. Här Linkels wann dir averstane sitt, kënne mir eis emol treffe fir iwwer d'Philosophie a vun den Ufuerderunge vun der Wiki ze diskutéieren.
Ech wëll awer nach soen datt ech net zu de Pionéiere gehéieren an och nach dobäi sinn ze léieren wéi et leeft.

Moien MULLES49,

Ech hunn äre Message gelies a sin gäre bereet är Hëllef unzuhuelen. Bis also geschwënn.Nach e schéinen Dag a Merci vir ärt Verständnis.LINKELS Josy,21.07.2009

Ech proposéieren

Cours supérieurs op Cours supérieurs (Lëtzebuerg)

ze réckelen. Well et soss doruechter och nach Cours sup. ginn. --Cayambe 11:50, 21. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Am Prinzip net dergéint, mä da soll eng Homonymiessäit ugeluecht ginn an där déi aner ernimmt ginn. Les Meloures 12:00, 21. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien och,
op der fr-Wiki gëtt et keen Artikel 'Cours supérieurs', et fënnt een se awer verstreet an enger Rëtsch Artikele mat anere Lemmaen. Idem op der en-Wiki. Eng Homonymiesäit ass also net sënnvoll.
Trotzdem sinn ech der Meenung, datt mer sollen op Cours supérieurs (Lëtzebuerg) réckelen. Cours sup. eleng kléngt esou exklusiv lëtzebuergesch. Sinn awer net béis wann et esou bleift. :-) --Cayambe 12:35, 21. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Remoien

Wierder a Klameren am Lemma gi gebraucht wann et méi där Artikele ginn, a musse vuneneen ënnerscheet ginn. An deem Fall weisen d'Klameren Homonymien un. Wann en Artikel ouni Klameren dosteet ass et evident datt et do em de bekannste Lemma geet an da steet iwwer dem Artikel:

An dësem Artikel handelt et sech ëm XXXX fir aner Bedeitunge kuckt XXX (Homonymie).

Op der lb:Wiki dierft et am Ament keen Zweifel ginn ëm wat et sech dréint, an sou laang wéi keen aneren Artikel fir iergendee Cours supérieur an der Loft hänkt mécht menger Meenung no d'Geklamers kee grousse Sënn.

Wann ee schonns wéilt preziséieren datt et sech ëm déi zu Lëtzebuerg dréint da géif ech de Lemma Cours supérieurs zu Lëtzebuerg besser fannen ewéi d'Geklamers.

Les Meloures 15:46, 21. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci Här Cayambe,[Quelltext änneren]

datt dir den Artikel vum Här Linkels iwwerschaft hutt. Wéi ech uewen op der Diskussiounssäit dem Här Linkels proposéiert hunn, hat ech haut de Mueren een Artikel preparéiert wéi versprach. Ech wollt hie späicheren, awer, oh Schreck, een aneren äifrege Mataarbechter war vir. Meng Méi wat ëmsoss. "Domm gaang" seet een do.. Ech weess datt ech rëm hätte missen e Chantier drasetzen-- awer trotzdem. D'Haaptsach ass datt den Artikel iwwerschafft ass. Zur Information mäin Text:

De Cours supérieurs gouf duerch d' Gesetz vum 23. Juli 1848 geschafen. Et war bis 1969 déi eenzeg post-secondaire Schoul am Land. si war ursprénglech am Kader vum Regime Collation des grades kreéiert ginn. De Cours supérieurs war obligatoresch fir all Lëtzebuerger deen een akadeemesche Grad, an der Philosophie, de Sproochenn, de Naturwëssenschaften, der Mathematik, an am Droit am Land wollt droen. Méi spéit war hien och obligatoresch fir de Beruff als Medeziner an Apdikter ze praktizéieren. D'Gesetz vum 18. Juni 1969 huet dëse Regime ofgeschaaft an déi auslännesch Diplomer a Graden am Land unerkannt. D'Professeren, déi d'Course gehaal hunn, hu mussen déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn. Sie haten den Titel vun engem "professeur de l'enseignement secondaire et supérieur". Duerch d'Gesetz vu 1969 gouf de Cours supéieurs an e Centre universitaire ëmgeännert, deen de Passage vun de Schüler aus de Secondaireschoulen zu Lëtzebuerg op déi auslännesch Universitéiten erliichtere sollt. Den Diplom vum Centre universitaire gouf vu verschiddenen Uniën als éischt Jor bei hinnen unerkannt. Bis 1973 goufen d'Coursen am Stater Kolléisch an am Lycée de garçons de Luxembourg ofgehalen. Duerno goufen si am ale Paschtouerseminaire um Lampertsbierg regruppéiert

-) --Mulles

Moie Mulles,
ech wousst natierlech net, datt Dir amgaange waart, den Artikel nei ze formuléieren. E Chantiersschëld wir also gutt gewiescht, fir eis eng duebel Aarbecht ze erspueren. Ech hu kee Problem dermatt, wann Dir mäin Text duerch Ären ersetzt (wierklech net). --Cayambe 14:23, 21. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]