École nationale des chartes
![]() | |
![]() | |
Land | Frankräich |
---|---|
Uertschaft | 2. Arrondissement |
Leedung | Michelle Bubenicek |
Gegrënnt | 1821 |
Um Spaweck | http://www.chartes.psl.eu/ |
![]() |
D'École nationale des chartes (École des Chartes) ass eng franséisch grande école a Composante vun der Université Paris Sciences et Lettres mam Statut vun engem Grand établissement.
Si ass op historesch Hëllefswëssenschaften spezialiséiert, an déngt dozou, virun allem Archivaren, Konservatoren a Bibliothécairen an héijer Fonctioun auszebilden. Si ass zu Paräis an de Raimlechekeete vun der Sorbonne etabéiert. Studenten, déi do studéieren, gi chartistes genannt.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
D'École nationale des chartes gouf vum Kinnek Louis XVIII. vu Frankräich am Joer 1821 gegrënnt.
Bekannt Graduéiert[änneren | Quelltext änneren]
- Frantz Funck-Brentano, franséisch-lëtzebuergeschen Historiker an Theaterauteur
- Roger Martin du Gard, franséische Schrëftsteller
- Raymond Schaack, lëtzebuergesche Schrëftsteller a pensionéierte Lycéesprofesser
- Émile Lefort, lëtzebuergesche Resistenzler