Symbolik vum Feier an der Bibel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

An der Bibel huet d'Feier dacks eng symbolesch Bedeitung. Sou ass et a ville Fäll eng Representatioun vum Gëttlechen.

Aalt Testament[änneren | Quelltext änneren]

  • Am Alen Testament:
    • Gott verdreift d'Mënschen aus dem Paradäis a stellt ëstlech dovu Kerubimen op an e Flameschwäert, dat hellewech gebrannt huet (Gen 3,24).
    • Iwwer den Tubal-Kajin geet rieds, datt en d'Geschir vun alle Schmatte géif fabrizéieren; dat kann en nëmme mat Feier (Gen 4,22).
    • Gott manifestéiert sech dem Moses an engem däregen Trausch dee brennt awer net verbrennt (Ex 3,2), och bei aneren Theophanien ass Feier am Spill.
    • Wärend dem Auszuch aus Egypten ginn d'Israelitte vu Gott dee sech a Form vun enger Feiersail manifestéiert geféiert (Ex 13,21).
    • De Prophéit Elias gëtt vun engem Feierwon ofgeholl deen hien an den Himmel féiert (2 Kinneken 2,11).

Neit Testament[änneren | Quelltext änneren]

Donieft gëtt dem Feier an der Bibel och op verschiddene Plazen nach eng rengegend Wierkung zougeschriwwen.