Dësch

Vu Wikipedia
Schema vun engem Dësch:
(1) Plack
(2) Stempelen

En Dësch ass e Miwwelstéck, dat am Prinzip aus enger horizontaler Plack (1), dem Dëschblat, an engem oder méi Stempele (2) besteet.

En Dësch gëtt meeschtens gebraucht, fir sech dobäi ze sëtzen, fir z. B. drop z'iessen, ze schaffen oder ze schreiwen, an huet dofir eng Héicht vu knapps engem Meter.

Do dernieft gëtt et eng Rëtsch Dëscher, déi engem spezialiséierte Gebrauch ugepasst sinn, zum Beispill de Schreifdësch, de Kredenzdëschelchen an den Zerwéierdësch deen dacks op Rieder ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dëscher – Biller, Videoen oder Audiodateien