Nordstad-Lycée
![]() Provisoresch Strukture vum Nordstad-Lycée zu Dikrech (2008) | |
![]() | |
(NOSL) | |
---|---|
Typ | ëffentlech Schoul, Secondairesschoul |
Regimm | Classique, General, Professionnel |
Land | Lëtzebuerg |
Leedung | Francisca Rocha |
Schülerzuel | 594 |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | 13 Juli 2007 |
Genannt no | Nordstad |
Um Spaweck | https://www.nosl.lu/ |
![]() |
Den Nordstad-Lycée ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul zu Dikrech.
Historique[änneren | Quelltext änneren]
Den 21. Juli 2007 (Gesetz vum 13. Juli 2007) gouf den Nordstad-Lycée an d'Liewe geruff[1]. Hien ersetzt d'Dikrecher Annexe vum Ettelbrécker Lycée technique, déi virdrun op der selwechter Plaz stoung.
Den Nordstad-Lycée steet um Campus an der rue Joseph Merten, tëscht der Hotelsschoul an dem neie Gebai vum Dikrecher Kolléisch. An der Tëschenzäit huet d'Schoul zwou Annexen: d'Annexe "Ateliers" an der Ettelbrécker Strooss zu Angelduerf an d'Annexe "Sauerwiss" an der aler Dikrecher Primärschoul (rue Sauerwiss)[2].
Déi provisoresch Strukture vum Lycée goufen de 14. September 2007 offiziell ageweit. 2011 huet den Nordstad-Lycée, zesumme mat deenen zwéin aneren Dikrecher Lycéeën an dem Lycée technique agricole vun Ettelbréck e Parc écologique kreéiert. Domat erfëllt d'Schoul d'Critèren, déi néideg si fir Member vum Réseau des écoles associées vun der UNESCO ze ginn. Am Oktober 2012 gouf den Nordstad-Lycée dunn offiziell an dat Schoulnetzwierk opgeholl.
Am Schouljoer 2012/2013 huet den Nordstad-Lycée ronn 650 Schüler.
Schouloffer[änneren | Quelltext änneren]
Den Nordstad-Lycée ass eng gemëscht Schoul a bitt Unterrecht am Classique, General a Professionnel un.
Internater[änneren | Quelltext änneren]
Den Nordstad-Lycée schafft am Partenariat mat verschiddenen Internater, wéi den Internater J. Schmit an Notre-Dame de Lourdes vun Dikrech a mam Internat Saccly zu Ierpeldeng.
Projeten[änneren | Quelltext änneren]
Nieft der Participatioun um europäeschen Austauschprogramm COMENIUS huet den Nordstad-Lycée bilateral Echangë mat däitsche Schoulen (St.-Willibrord-Gymnasium an Theobald-Simon Schule vu Bitburg).
Direkteren[änneren | Quelltext änneren]
- 2007 - 2011: François Schartz
- 2011 - 2018: Jean-Claude Havé
- zanter 2018: Francisca Rocha
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Loi du 13 juillet 2007 portant création du Nordstad-Lycée. legilux.public.lu (13.07.2007). Gekuckt de(n) 28.11.2022.
- ↑ Plans des bâtiments. NOSL. nosl.lu Gearchiveerd op 2022-11-28. Gekuckt de(n) 28.11.2022.