Op den Inhalt sprangen

Dikrecher Kavalkad

Vu Wikipedia
E Won op der Dikrecher Kavalkad (2007)
… an en aneren am Joer 2026

D'Dikrecher Kavalkad (eege Schreifweis: Dikricher Cavalcade) ass eng Kavalkad zu Lëtzebuerg, déi fir d'éischt am Joer 1870 zu Dikrech organiséiert gouf[1]. Se gëtt zanter 1979 vun der ASBL D'Eselen aus der Sauerstad Dikrich organiséiert.

A fréierer Zäit

[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Dikrecher Kavalkad gouf 1870 organiséiert[1]. Déi nächst Editioune waren 1882, 1883, 1884, 1897 an 1900. Am Joer 1900 stoung déi Dikrecher Kavalkad ënner dem Theema vun der Daf. Dunn huet et bis 1927 gedauert, bis et eng nächst Oplo gouf. D'Editiounen duerno waren am Joer 1939, 1946, 1947, 1949 an 1954.

No enger Paus vu 25 Joer war déi 13. Editioun am Joer 1979; et war déi éischt Editioun déi vun den Eselen aus der Sauerstad Dikrich organiséiert gouf. Zanterhier gëtt d'Kavalkad all Joer op Fuessonndeg organiséiert, ausser 1991 wéi se wéinst dem Ufank vum Golfkrich an 2021 wéinst der Covid-19-Pandemie annuléiert goufen.[2]

 Commons: Dikrecher Kavalkad – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (de) Illustration. In: Revue, 39. Jg., nº 9, Digitised by the National Library of Luxembourg S. 28 (01.03.1984). Gekuckt den 23.02.2026.
  2. Chronique - L'histoire de la cavalcade de Diekirch. Carnaval de Diekirch. Gekuckt den 23.02.2026.