Hayange

Vu Wikipedia
Hayange

Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Thionville
Kanton Hayange
Postcode 57700
Gemengecode 57306
Koordinaten 49° 19’ 48’’ N
      06° 03’ 46’’ O
Fläch  1.223 ha
Bevëlkerung  15.340 (2007)

Hayange ass eng franséisch Stad a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est, an Haaptuert vum Kanton mat dem selwechten Numm. D'Uertschaft läit zirka 10 km südwestlech vun Diddenuewen a gouf am Joer 821 fir d'éischt als Heingen ernimmt.

Hayange huet am Joer 1970 mat der Gemeng Saint Nicolas en Forêt, an 1971 mat Marspich fusionéiert. Ranguevaux ass 1972 och derbäikomm. Déi Gemeng ass awer erëm 1987 onofhängeg ginn.

De Kanton vun Hayange huet 3 Gemengen: Hayange, Ranguevaux a Serémange-Erzange.

Zanter 1704 ass Hayange vun der Eisen- a Stolindustrie markéiert. Nodeem vill Industrien an den 1970er an 1980er Joren opgehalen hu mat schaffen, sinn haut nach d'Entreprise Corus, déi Eisebunnschinne produzéiert, a Sollac Lorraine zu Hayange aktiv.

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Hayange

Bekannt Leit[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hayange – Biller, Videoen oder Audiodateien