Päerdscourse

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Päerdskompetitioune bei deenen et drëm geet esou séier wéi méiglech an d'Zil ze kommen. Fir aner Kompetitioune mam Päerd, kuckt wgl. Reitsport.
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Päerdscourse an de Stroosse vun Dikrech 1948/1949
Päerdscourse am Arlington Park, 2007

Eng Päerdscourse (oder e Päerdsrennen) ass eng Vitesskompetitioun am Reitsport bei där d'Päerd sou séier wéi méiglech iwwer eng gewëssen Distanz lafe muss. Gemenkerhand sëtzt den Jockey am Suedel um Päerd oder an engem Weenchen, dem Sulky dee vum Päerd gezu gëtt. D'Päerdscoursse gi meeschtens an engem Hippodrom ausgedroen, woubäi et do Ënnerscheeder gëtt wat de Buedem ugeet: et gëtt Grasbunnen ((en) Turf) a Sandbunnen ((en) Dirt Track). Do dernieft gëtt et nach e besonnesche Fall an der Schwäiz, wou am Wanter Courssen um zougefruerene Séi zu Sankt Moritz an zu Arosa organiséiert ginn.

Fréier goufe vereenzelt och Courssen an de Stroosse vun enger Uertschaft ausgedroen.

Kategorië vu Päerdscourssen[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Grouss bekannt Päerdscourssen an der Welt[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Päerdscourssen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Dikrech[änneren | Quelltext änneren]

Zu Dikrech, dat säin eegenen Hippodrom hat, sinn an der Zäit Päerdscourssen organiséiert ginn. Dat Dikrecher Päerdsrennen, wéi et genannt gouf, war iwwer d'Land eraus bekannt an huet vill Spectateuren ugezunn. Dat éischt Päerdsrennen zu Dikrech gouf 1895 organiséiert a gouf mat Ënnerbriechunge bis zum Zweete Weltkrich do vum Cercle hippique organiséiert. Deemools louch den Hippodrom nach a Richtung Gilsdref laanscht d'Sauer, wat den Nodeel hat, datt den Hippodrom net virun Iwwerschwemmunge sécher war.

No 1945 ass d'Stad Dikrech, well et u Privatinitiative gefeelt huet, op eege Fauscht virgaangen an huet 1948 an 1949 Trabcourssen mat Gespan an de Stroosse vun Dikrech ofgehalen. 1950 ass dunn den neien Hippodrom, op der Miedernacher Strooss opgaangen, do wou haut d'Schwämm ass, an d'Päerdsrenne konnten dunn do ofgehale ginn. Well de lëtzebuergesche Publikum den Intressi u Päerdscoursse lues a lues verluer huet, gouf no 1956 drop verzicht, der nach zu Dikrech z'organiséieren.
Zu Huldang goufen och Ufanks der 1950er Jore Päerdscourssen organiséiert.

Den Hippiques-Bal, deen all Joer an der Fuesent ofgehale gëtt, ass haut nach déi eenzeg Manifestatioun, déi un d'Dikrecher Päerdsrenne vu fréier erënnert.

Soss doruechter[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Klensch, Jules: Zum Pferderennen in Diekirch am 29.Juli 1928, Luxemburger Illustrierte, Nr. 14/1928, S. 208
  • Herr, Jos: Diekirch, 1985, S. 325

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Päerdscourssen – Biller, Videoen oder Audiodateien