Reitsport

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Reitsport
Typ Sport, Reiden
Olympesch Sportaart ♂ 1900 (Sprangen a Polo), duerno 1908 (Polo), zënter 1912 (Dressur, Eventing a Sprangen)
♀ 1952 (Dressur), 1956 (Sprangen), 1964 (Eventing), zënter 1956 (all Disziplinnen)
Federatioun
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise des sports équestres
Ursprong
Aner Informatiounen
Aktuelle Weltmeeschter ♂
kuckt wgl.:
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Reitsport-Weltmeeschterschaften


Reitsport ass en Deelberäich vum Sport a begräift all sportlech Disziplinnen déi mat den athleeteschen an estheetesche Fäegkeete vum Päerd ze dinn hunn. D'Kompetitiounen an deenen Disziplinne ginn Turnéier genannt.

Dräi Disziplinne vum Reitsport zielen zu den Olympesche Sportaarten: d'Dressurreiden, den Eventing an d'Hindernissprangen.

Kompetitioune bei deenen et drëm geet esou séier wéi méiglech an d'Zil ze kommen, sinn eng Kategorie fir sech a gehéieren net zum Reitsport.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Päerdscourse.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Hiweiser datt op Päerd geridde gouf, stamen aus der Zäit ëm 3500 v. Chr. Coursse mat Sträitween ware ganz populär am anticke Griicheland an ee vun den Highlights vun den Olympesche Spiller vun der Antik.

Och wa sech déi modern olympesch Disziplin vun der Dressur däitlech weiderentwéckelt huet, leien hir Wuerzelen am Wierk „Iwwer d'Reitkonscht“ vum algriichesche Schrëftsteller Xenophon ( * ≈430-425 v. Chr.; † ≈ 354 v. Chr.), dee sech mat der Ausbildung vun de Päerd beschäftegt huet.

D'Hindernissprangen ass entstane wéi Zénk an der englescher Landschaft opgeriicht goufen, an d'Fuussejeeër sech dowéinst no anere Päerd ëmgekuckt hunn, déi sprange konnten. Awer eréischt an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert, haaptsächlech op der Dublin Horse Show am Joer 1869, gouf d'Sprange fir d'Zuschauer ugepasst, andeems an der Arena Hindernisser fir den Horse Leaping opgeriicht goufen.

Den deemolege Military, haut Eventing, gouf ursprénglech entwéckelt fir d'Kavalleriespäerd ze testen an ze preparéieren; den éischten Turnéier war 1902.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

An der Dressur gëtt et eng Rëtsch Aufgaben, bei deenen d'Päerd an de Reider Punkte fir d'Ausféiere vun Übunge mat bestëmmte festgeluechte Beweegunge kréien.

Beim Sprange muss de Reider mat sengem Päerd probéieren op engem verschriwwene Parcours eng Rei Hindernisser (Zénk) z'iwwerwannen, ouni datt se ëmfalen.

Den Eventing besteet aus dräi verschiddenen Disziplinnen: enger Dressuraufgab, dem Cross-Country-Reide géint d'Zäit op engem Parcours vu 6 km mat ronn 30 festen Hindernisser an dem Sprangen.

Virun all Disziplin muss d'Päerd vun engem Véidokter ënnersicht a fir d'Kompetitioun zougelooss ginn. Am Sprangen an am Cross Country gëtt et Strofpunkte wann e Päerd en Hindernis beréiert, et verpasst oder refuséiert driwwer ze sprangen.

Reitsport an d'Olympesch Spiller[änneren | Quelltext änneren]

De Reitsport war fir d'éischt op de Summerspiller 1900 zu Paräis um Programm, mat den Disziplinne Sprangen a Polo. Bei de Spiller 1904 gouf d'Reiden ewechgelooss an 1908 war just nach Polo um Programm.

Déi éischt Dressur-, Eventing- a Sprangturnéier goufen 1912 zu Stockholm agefouert a sinn zënterhier fest am Olympesche Programm dran. De Polo war sporadesch um Programm (am Ganze fënnefmol), ier en no Olympia 1936 zu Berlin definitiv ofgeschaaft gouf.

Am Reitsport waren uganks just Männer zougelooss, déi entweeder Offizéier oder „Gentlemen“ hu misste sinn. Déi Restriktioun gouf 1951 opgehuewen, an 1952 zu Helsinki waren nieft de Männer och Fraen an der Dressur zougelooss. 1956 konnten d'Fraen och am Sprangen an 1964 am Eventing matmaachen.

Den Olympesche Programm huet sech am Laf vun de Jore kaum verännert, an zënter Amsterdam 1928 ginn an den dräi Disziplinne souwuel Eenzel- wéi och Ekippemedaile verginn.

Olympesch Summerspiller 2024[änneren | Quelltext änneren]

An der Dressur gëtt e Grand-Prix-Test organiséiert, deen als Qualifikatioun fir d'Eenzel- an d'Ekippenturnéier zielt. De Grand Prix Special decidéiert dann iwwer d'Ekippemedaile an d'Grand-Prix-Kür – mat Musek a 16 obligatoresche Beweegungen – iwwer d'Eenzelmedailen.

Am Eventing sinn d'Reider mat hirem Päerd dräi Deeg am Asaz: Dressur, Cross Country a Sprangen. D'Ekippewäertung gëtt iwwer d'Zomm vun den Eenzelwäertunge bestëmmt. Déi éischt 25 Reider-Päerd-Duoen duerchlafen en zweete Parcours mat deem dann d'Eenzelmedaile vergi ginn.

D'Eenzelkompetitioun am Sprangen ass virum Ekippeconcours, a 75 Duoe ginn un de Start. Den éischten Dag ginn zwéin Duerchleef organiséiert an déi 30 Bescht kommen den Dag duerno an d'Finall. Am Ekippenturnéier sinn 20 Ekippe mat dräi Duoe pro Natioun derbäi. Si sprangen all eemol an der Qualifikatioun, woubäi déi 10 Bescht an d'Finall kommen. An der Finall entscheet d'Gesamtwäertung iwwer d'Medailen. Bei engem Ex aequo fält d'Decisioun an engem Stieche géint d'Zäit.

Reitsport zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et eelef Reitclibb déi am nationale Verband federéiert sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise des sports équestres.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Reitsport – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]