Diskussioun:Dikrech

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Bekannt Dikrecher ..... Lucien Weiler (* 3. August 1951) , Politiker (CSV), Chamberspresident." :Am Annuaire vun der Chamber steet, datt de Lucien Weiler zu Ettelbréck gebuer ass. Wat ass dann elo sou Dikrech un deem?? Huet de Mann do seng éischt Fläsch Limonad gedronk? (vum --Cornischong)

An de Méchel Lentz ass an der Stad gebuer an huet do geschafft...--Zinneke
Halli. Ma du seess et. Froe mer lo deenen aneren de Pass oder .....? --Cornischong 22:28, 18 Februar 2007 (UTC)
De Mann wunnt do ... ass awer zu Laaschent opgewues, huet de Kolléisch zu Dikrech besicht, ... am Ausland Studéiert, ... war do Affekot, Schäffen (Gemeng Dikrech) (1988-1993) an och Gemengeconseiller (Gemeng Dikrech) (1986-1987). Dee Mann verbënnt also eppes mat Dikrech. Menger Meenung no sollt dat duer goen wëll wa mir da weider wëlle sezéieren dann ka kaum nach een e bekannten aus enger Uertschaft sinn, well wien kënnt haut schonn op enger Plaz op d'Welt, gee do an d'Schoul a verbréngt säi ganzt Liewen an däer Uertschaft? --Robby 22:43, 18 Februar 2007 (UTC)
Dat féiert zu Abstrusitéiten. Esou kënne mer déi Leit, déi zu Monnerech en Autoaccident haten, Monnerecher nennen. --Cornischong 23:05, 18 Februar 2007 (UTC)
Ganz sécher ... mee wa just den Uert vun der Geburt zielt dat gëtt kaum nach lieweg Dikricher wëll déi meescht sinn an der Maternité zu Ettelbréck op d'Welt komm! --Robby 23:19, 18 Februar 2007 (UTC)


Ech kann dem Robby nëmme recht ginn.
E Mënsch deen an der Maternité an der Stad op d'Welt komm ass, an duerno säi ganzt Liewen zu Walfer gewunnt huer, seet bestemmt net hie wär e Stater hie seet hie wär vu Walfer.
Dem Cornischong senger Iwerléeung no, hätte mir dann hei am Land bal nëmme Stater wëll e ganz groussen Deel vun de Letzebuerger an enger vun de Maternitéen an der Stad Lëtzebuerg gebuer sinn. (Een deen der Stad gebuer ass an duerfir iewel nach kee Staater ass.) (léiwer net ënnerschriwwen!?)

Weltbekannt zu Dikrech ?[Quelltext änneren]

"Zu Dikrech gëtt et e puer grouss Manifestatiounen déi am ganze Land a souguer iwwert d'Grenzen eraus bekannt sinn": "Aal Dikrech" Ofgesinn dovun, datt ech nach ni eppes vun enger Manifestatioun "Aal Dikrech" héieren, gelies oder geroch hunn: Ëm wat geet et ?? --Cornischong 21:28, 24 Juni 2007 (UTC)

E Réimermosaik aus dem 3. Joerhonnert kritt nieft der St. Laurenz Kierch en eegene Musée, vun deem aus d'Krypta vun der Nopeschkierch ka besicht ginn. En Enn vun den Aarbechten ass virgesi fir Enn 2008.

Dat misst jo da bal fäerdeg sinn. Wees ee méi deriwwer? --Les Meloures 14:34, 25. Mee 2011 (UTC)[äntweren]

Jo, ech: et ass nach net fäerdeg. Eventuell dauert et awer net méi all ze laang. --Otets 13:47, 31. Mee 2011 (UTC)[äntweren]