Op den Inhalt sprangen

Putty Stein

Vu Wikipedia
Putty Stein
De Poutty Stein a Begleedung vun engem Hond
Gebuertsnumm Pierre Ernest Théodore Stein
Pseudonym ***, Peterstein Bäckermeister, Epp., Epstein, Ernst Peter, Poutty, P.St., Pst., Putty
Gebuer 16. Abrëll 1888
Bierg
Gestuerwen 23. Dezember 1955
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Athénée de Luxembourg
Aktivitéit Schrëftsteller, Kabarettist, Chansonnier
Auteursrechter ofgelaf
Dem Putty Stein säi Gebuertsschäin
De Putty Stein an de Guido Oppenheim examinéieren eng ausgestallte Guillotine

De Pierre Ernest Théodore Stein, genannt Putty Stein (nom Zweete Weltkrich Poutty), gebuer de 16. Abrëll 1888 zu Bierg[1] an der Gemeng Bierg (zanter 1991 Colmer-Bierg), a gestuerwen den 23. Dezember 1955 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Kabarettist a Chansonnier. Hie gouf duerch seng Gedichter a Lidder op Lëtzebuergesch bekannt, déi hien, wéi den Auguste Liesch, an enger zolitter Sprooch geschriwwen huet.

De Poutty Stein huet eng Rei frech oder staark antiklerikal Texter hannerlooss déi – wéi et sech erausgestallt huet – permanent onlieserlech gemaach goufen andeems déi couragéiertst Verse mat engem décke Fiederstréch duerchgestrach goufen, fir d'Nofollgerschaft virun der Blasphemie ze schützen. Leit déi dem Poutty Stein nostoungen, mengen den Auteur selwer hätt déi Texter zenséiert.[2]

Bekannt Interprete vum Poutty Stein senge Wierker waren den Auguste Donnen, de Pierre-Toussaint Stefani, genannt Litty, de Léon Moulin an den Hary Haagen[3].

De Pierre Ernest Théodore Stein gouf als jéngste Bouf vum Louis Bernard Stein an der Marie Hastert gebuer; hien hat nach e Brudder (Maurice 1884–1957) an eng Schwëster (Berthe 1885–1955). Seng Virnimm Pierre Ernest krut e wéi et schéngt, well säi Papp de Grof Péiter Ernest vu Mansfeld bewonnert huet. Wéi e méi spéit zum Spëtznumm koum, ass net gewosst.

De Papp huet dem Wëllem III. säi Privatbesëtz verwalt an d'Famill huet – sou wéi dem Papp seng Aarbecht et verlaangt huet – op verschiddene Plaze gewunnt: zu Bierg, Fëschbech oder an der Stad. De Papp ass de 15. Januar 1917 wärend enger Klappjuegd un engem Schlag gestuerwen.

De Poutty Stein hat no senger Première am Kolléisch e Studium als Forstingenieur zu Münche gemaach, hat awer keen Ofschlossdiplom an huet vun 1912 un eng Zäit an enger ënneschter Karriär op der Forstverwaltung geschafft. Den 1. Oktober 1920 ass hie bei d'Arbed gewiesselt a war do Attaché à la direction générale; en huet sech haaptsächlech ëm der Arbed hir Bëscher bekëmmert.

A senger Fräizäit war de Poutty Stein e gesellege Mënsch, dee sech gär an der Bourgeoisie an iwwerall do wou et lëschteg war, opgehalen huet. 1915 war hie Matgrënner vun der Kënschtler- an Ameséiergesellschaft La mansarde an ëm 1930 war hien zesumme mat sengem Frënd a Museker Pierre Faber (1900–1975) mam Duo „d'Stroossesänger“ populär.

Hien huet haaptsächlech Lidder geschriwwen an deenen hien a senger eenzegaarteger Aart a Weis beschriwwen huet, wéi hien d'Saachen, a besonnesch seng Zäitgenossen, gesinn huet. Si verziele mat engem prezisen awer brillanten Humor Geschichten iwwer Leit a Situatiounen. Et sinn dacks spatz, satiresch Texter, déi awer net déif blesséieren; se reflektéiere Liewensfreed, Optimismus, net seele mat engem Hauch Ironie, si sangen iwwer Léift, an da kléngt eng duuss Melancholie, eng liicht Skepsis, an hinnen.[4]

Fir dem Poutty Stein säi 45. Gebuertsdag hate seng Frënn him den 1. Juli 1933 zu Gréiwemaacher (an der Heemechtsstad vum Poutty sengem Papp) e grousst Fest organiséiert an eng Festschrëft a Form vun enger Zeitung erausbruecht; den Titel vun der Zeitung war: „Steinzeitung“.

1953 gouf en aus gesondheetleche Grënn pensionéiert an ass zwee Joer méi spéit, den 23. Dezember 1955 gestuerwen.

Wierk (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Stein, P. D'Hamstler kommen! Luxembourg: [Impr. Huss], Répertoire Litty, op d'Weis vun Monsieur Trottin
  • Stein, P. D'Lidd vum arme Jang : op eng bekannt Weiss. S.l: [s.n.] 1919.
  • Stein, P. Lider vum Poutty Stein gesonge vum Aug. Donnen : 22. August bis 12. September. Letzeburg: P. Worré-Mertens 1920.
  • Stein, P. Lidder. S.l: [s.n.], 1929.
  • Stein, P. Coluquilyrik : Lider. Letzeburg: [s.n.], 1932.
  • Stein, P.; Engels, V. Lidder. S.l: [s.n.], 1929.
  • Stein, P.; Faber, P. D'Fescher an d'Jeer : Lidder. Luxembourg: Saint-Hubert Club, 1930. (gesammelt fir den Saint-Hubert-Club)
  • Ëmmer owes, wann et stëll get op d'Weis vun An der Donau wenn der Wein blüht, 1943
  •  Faber, P., Stein P., Seimetz F. Gre'vemacher: Festkantat: ve'erstëmmege Männercho'er mat Beglédong ad libitum. Luxembourg: P. Faber, 1951. Print.
  • Dem Poutty Stein seng bescht Liddercher. Als Manuskript gedréckt, 1. Oplo 1959;
    dora si follgend Texter (hei alphabetesch opgelëscht):
  • Am Dengscht zu Pareis
  • Am E'sléck do uewen
  • Am Schumm
  • An deen neischnotzge Bléck
  • Appel « Gesank »
  • Bauerenhochzeit
  • Beim Marechen zu Bireldeng
  • Breng den décken Hummer, Jang
  • Champio an der Box
  • Clément Frantz - Cantat
  • Clivio Giorgetti
  • D'Arem Nonn
  • Das Lied vom echten Jägersmann
  • De Bumski an ech
  • De Gesank
  • De Gukuk
  • De Letzeburger Stodent
  • De Mouer
  • De Musti
  • De schéine Fraceva
  • De schéine Poli
  • Deemols
  • Déi Schnëss
  • Déi ureg Zongen
  • Dem Wirsch seng Wueden
  • Den Arthur kuckt mech frendlech un
  • Den decken Hummer
  • Den Nikleeschen bei deene Groussen
  • Den Tubaksdapp
  • D'Fuesend
  • D'Hamstler kommen
  • D'Joffer van Damm
  • D'Kettenhändler
  • D'Klackejangen
  • D'Lidd vum aarme Jang
  • D'Lorchen
  • D'Meedercher vu Gotzen
  • D'Nengtchen
  • D'Quisel
  • Dréimaschin
  • E bësschen Hopsassa
  • Ech weess dass et aus ass
  • Emmer owes
  • Eng Démarche beim Här Eyschen
  • Eng Stennchen
  • Far em dar
  • Feierowend, dir Hären
  • Feuerwehr
  • Fir eng Mark
  • Fir zwou Mark
  • Fraceva
  • Frühling
  • Gaardeboune-Marsch
  • Get ons Gromperen
  • Gräfin Elsa
  • Granate - Marsch
  • Gréivemaacher - Cantat
  • Har Capitan
  • Hari de Bari
  • Haupeschjuegd
  • Héilophenken
  • Ich schiess den Has
  • Idylle
  • Jalous
  • Jonggeselle-Begänknes
  • Lëtzeburg
  • Li-la-Loutsch
  • Marjännchen-Serenad
  • Mee wann
  • Mei Frend de Bumski an ech
  • Mir hu Geld
  • National - Marsch
  • Nu loss mer eent sangen
  • Op der Schänzchen
  • Rendez-vous per Radio
  • Seng Been
  • Souvenir (de Mouer)
  • 't ass fir ze laachen
  • 't huet leif gelaacht
  • Théidor
  • Triny, Triny
  • Vu Cuba erëm
  • Vu Pareis erëm
  • Vum Heemgon
  • Wann et Feierowend schléit
  • Wann onse Kiischtebaam bléit
  • Weber Batty, 75. Geburtsdaag
  • Wéi ee freie geet
  • Zeplüsch der Minnesänger
  • Zwee grousseg Aan
  • 1973 koum eng nei Editioun eraus. Den Titel vun deem Bichelchen ass net einfach ze definéieren: Um Réck vum Buch steet: "Poutty Stein - Seng bescht Liddercher" ; um Titelbild "dem Poutty Stein seng bescht Liddercher".
  • Aner Texter:
    • Ameli
    • De schielen Tun
    • De Monni Zaffeli
    • D'Fréijor dat réiert sech
    • D'Meedche vu Lëntgen
    • Manila
    • Meedchen, du richs
    • Nee, déi Schnëss!

En Deel vum Poutty Stein sengem literareschen Archiv gëtt am Nationale Literaturzentrum zu Miersch versuergt[3].

Fir un de Poutty Stein z'erënneren, goufen zwou Stroossen (rue Poutty Stein) no him genannt:

  • zënter 1995 zu Bierg (Postcode 7739)
  • um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg (Postcode 2554)

1996 gouf zu Colmer-Bierg am Park e Monument, dat vum Georges Baden geschaaft gouf, zu Éiere vum Poutty Stein ageweit.

  • Guy Schons: Putty Stein 1888-1955 und die populäre Musik seiner Zeit Band 1, 2,3., Eegeverlag Guy Schons, 1996-1999. ISBN 2-9599911-0-9 (Bd. 1), ISBN 2-9599911-9-2 (Bd. 2), ISBN 2-9599911-3-3 (Bd. 3). Eng groussaarteg recherchéiert a presentéiert Biographie, déi en ausféierleche bléck op de Putty Stein a senger Zäit bitt.
  • Jules Mersch: Les Hastert du Grund an der Biographie Nationale, fascicule 1962 XI, S. 25 ff. (Biographesch Eenzelheeten iwwer de Poutty Stein)
  • Fernand Hoffmann: Geschichte der Luxemburger Mundartdichtung. (1964 a 1967), Dréckerei Bourg-Bourger, (Zwéi Bänn)
  • Stein, Poutty, Romain Kohn, und Roger Hilbert. Staark am Soff mee soss nët uerg: de Putty Stein a séng beschte Lidder. Luxemburg: G. Binsfeld, 1996. Print. ISBN 2-87954-047-X
  • Rob Zeimet: Ein literarisches Original - Satiriker, Gesellschaftskritiker, Moralist: Putty Stein vor 60 Jahren verstorben an Die Warte vum 3. Dezember 2015, S. 2-3
 Commons: Putty Stein – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikisource: Putty Stein (lb) – Quellentexter
Wikisource: Putty Stein (de) – Quellentexter

Referenzen an Notten

[änneren | Quelltext änneren]
  1. (de) Gebuertsschäin Nr 9. CT-03-02-0174 Naissances, 1880-1895 (Registre) S. 58. Commune de Berg, Archives nationales (17.04.1888). Gekuckt de 04.01.2026.
  2. (fr) Putty Stein Chanson Cabaret. d'Letzeburger Land, 39. Jg., nº 50, p. 19, Digitised by the National Library of Luxembourg (11.12.1992). Gekuckt den 01.01.2026.
  3. 1 2 Rob Zeimet, 2015
  4. Pierre Faber, In Memoriam Poutty Stein; kuckt: Um Spaweck