Diskussioun:Putty Stein

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ass "Poutty" net gutt gewiecht?

Ech hale mech net gär drun, fir hin an hier z'änneren, awer wann de Fernand Hoffmann am zweete Band vu senger "Geschiochte der Luxemburger Mundartdichtung " op der Säit 233 "zu Colmar-Berg geboren schreift", de Victor Delcourt am "Luxemburgische Literaturgeschichte" op der Säit 276 "in Colmarberg geboren" schreift an eise Lexikon op der Säit 408 "Colmar-Berg" ugëtt, da wonneren ech mech schonn, datt een esou sécher ka si mat senger Quell. --Cornischong 16:36, 17 Oktober 2006 (UTC)

An nach eppes: A watfir engem "Berg" sollt dat da gewiescht sinn? Bierg an der Gemeng Betzder oder dat anert? --Cornischong 16:44, 17 Oktober 2006 (UTC)
Dann nach zum Numm: et ass esou dass franséischt Auteuren Poutty schreiwen soss giff et bei hinne Pütti gelies ginn. Daat emol zum franséischen Text. Op de Bicher aus den Editions Binsfeld steet Putty drop. Les Meloures 16:46, 17 Oktober 2006 (UTC)

Am Guy Schons huet am Eegeverlag eng Biographie an dräi Bänn (!!!) vun engem Putty Stein erausginn ( http://www.land.lu/html/dossiers/dossier_luxemburgensia/stein_311299.html) , vläicht war dat deeselwechten. Der Marie-Paule Jungblut hir Kritik steet iwwregens hei (http://www.land.lu/html/dossiers/dossier_luxemburgensia/stein_311299.html). Virum Krich ass de Putty Putty genannt ginn, an nom Krich Poutty. --Cornischong 17:00, 17 Oktober 2006 (UTC)

Dem Guy Schons säi "P(o)utty Stein" misst desselwechte sinn. Esou laang een net weess wien sech op de Gebuertsschäin baséiert a wien net, bleiwt d'Fro wou de P(o)utty Stein gebuer ass, nach op. Ech behaapten op jidde Fall net dat ech recht hunn.--Fliedermaus 17:12, 17 Oktober 2006 (UTC)

An nach eppes: A watfir engem "Berg" sollt dat da gewiescht sinn? Bierg an der Gemeng Betzder oder dat anert?--Cornischong 19:27, 17 Oktober 2006 (UTC)