Pierre-Toussaint Stefani

Vu Wikipedia
Pierre-Toussaint Stefani
Gebuer 16. Januar 1872
Gestuerwen 27. Januar 1932
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Aktivitéit Bünekënschtler

De Pierre-Toussaint Stefani, gebuer de 16. Januar 1872 an der Stad Lëtzebuerg[1] an do gestuerwen de 27. Januar 1932 war e lëtzebuergeschen Entertainer mat franséischen Originnen, deen ënner dem Kënschtlernumm de Litty (och nach de Lutty) opgetrueden ass.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Säi Papp huet vu Korsika gestaamt. Am éischte Bestietnes war hie mat der Lëtzebuergerin Marie Speidel bestuet, duerno mat der Kënschtlerin Pauline Blomiser (1885-1965) vu Metz.
De Pierre-Toussaint huet sech 1893 naturaliséiere gelooss.
Vum Enn vum 19. Joerhonnert un trëtt de Pierre-Toussaint als professionnelle Variété-Artist zu Lëtzebuerg op. Spéitstens ëm 1914 kennt jiddwereen de Litty zu Lëtzebuerg.

Hien ass deels eleng opgetrueden, soss am Duo mat der Victorine Chalois, genannt Bobby (1895-1988) oder am Trio (Trio Litty). 1923 huet hie sech aus dem Variété-Geschäft zeréckgezunn, hat awer vun 1923-1924 de Restaurant Chez Litty zu Munneref. Duerno huet hie bis zu sengem Doud erëm an der Stad Lëtzebuerg gelieft, wou hien de 27. Januar 1932 am Spidol Saint-François um Fëschmaart un enger Bluttvergëftung gestuerwen ass.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Georges Urwald 2022 an der Literatur