Op den Inhalt sprangen

Clinique Saint-François

Vu Wikipedia
Clinique Saint-François
Déi fréier Klinick (2021)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Adress 12 Rue Sigefroi
Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 40.248’’ N
      06° 08’ 03.948’’ O
Statut klasséiert Monument
Datum vum Bau 1630

D'Clinique Saint-François war eng Klinick am fréiere Klouschter um Fëschmaart an der Stad, déi vun 1867 u vun de Franziskanerinne bedriwwe gouf. Se gouf 1975 zou gemaach a war duerno nach e Fleegeheem bis 2011[1]. D'Congrégation des Franciscaines de la Miséricorde huet d'Gebai an de Joren duerno verkaaft a vun 2014 u gouf a Luxuswunnengen ëmgebaut[2],[3].

Wéinst dem Kräizgank vum fréiere Klouschter, war d'Klouschter metonymesch och ënnert dem Numm „Kräizgank“ bekannt[4].

Am Joer 1628 hunn d'Kléischter Märjendall a Baardebuerg d'Méchelskierch um Fëschmaart - iwwer déi si de Patronage haten – den Dominikanerpatere vermaacht, déi doropshin (1630) ugefaangen hunn d'Dominikanerklouschter um „Ale Maart“ ze bauen[4].

1796 ass den Uerde wärend der Franséischer Revolutioun opgeléist ginn[4] a 1798 huet de Franz-Josef Carcher d'Klouschter (ouni d'Kierch) gesteet an et ass an der Famill bliwwen, bis et 1856 un d'Famill Paquet verierft gouf.

Nodeems d'Marguerite-Séraphine Beving de Franziskanerinnen (Baarmhäerzeg Schwësteren) hiert Haus (Mohr-de-Waldt Haus) an der Rue de la Trinité ofkaaft hat, huet d'Kongregatioun vun de Franziskanerinnen der Famill Paquet 1860 dat fréiert Dominikanerklouschter fir e Präis vun 150.000 Frang ofkaaft. Am Joer duerno sinn dräi Nonne mat 18 Weesekanner an d'Gebailechkeeten erageplënnert. E puer Joer duerno sinn d'Weesekanner an d'Klouschter op Izeg geplënnert, fir am Gebai um Fëschmaart Plaz ze maache fir Patiente mat Aekränkten ze behandelen.

Mat der kinneklech-groussherzoglecher Veruerdnung vum 11. Januar 1867 krut den däitschen Aendokter Ferdinand Zartmann d'Erlabnis fir sech zu Lëtzebuerg z'etabléieren, ënnert der Konditioun, datt hien aarm Leit gratis behandele misst[6]. Mat der Ënnerstëtzung vun der Marguerite-Séraphine Beving huet hie kuerz drop, de 15. Februar 1867 am Klouschter déi éischt Klinick fir Akränkten („Augenheilanstalt“) opgemaach[7]. Aus uganks 15 Better fir seng Patiente sinn der am Laf vum selwechte Joer 30 ginn, wouvun der zwee fir déi Aarm virgesi waren.

Vun 1871 u goufen och Patiente mat anere Krankheeten am Klouschter opgeholl a behandelt. 1884 huet den Dr Mathias Grechen als éischte spezialiséierte Chirurg an der Klinick ugefaange mat schaffen.

De Kräizgank gouf 1893 an déi viischt Face vum Gebai 1895 ëmgebaut. D'Clinique Saint-François gouf den 1. Januar 1896 offiziell ageweit.

Am Laf vun de Jore sinn nach weider Haiser am Breedewee gesteet oder kaaft gi fir un d'Klinick unzebauen: 1897 d'Haus Beyer, 1903 d'Haus Michaelis an 1928 d'Haus Quaring. Méi spéit, am Joer 1950, koum och nach d'Haus Kayser derbäi.

Duerch eng Stëftung déi vum Wolzer Leopold Richard an d'Liewe geruff gi war, konnt 1916 – am Kampf géint Kriibserkrankungen – déi éischt Radium-Therapie am Land am Saint-François agefouert ginn.

D'Mutterhaus vun der Kongregatioun ass 1921 op de Belair verluecht ginn an doropshi goufen an de Joren duerno gréisser Ëmbauaarbechten an der Klinick gemaach.

Ënner der däitscher Okkupatioun ass d'Klinick den 28. August 1942 vum Stillhaltekommissar ënnert d'Tutelle vun der Gemeng Lëtzebuerg respektiv dem Buergermeeschter Richard Hengst gesat ginn. Op Grond vun enger Veruerdnung vum Chef vun der Zivilverwaltung ass d'Stad Lëtzebuerg de 26. Mäerz 1943 du Proprietär vum Saint-François grad ewéi vun der Clinique Saint-Joseph ginn. D'Klinick krut dunn den agedäitschten Numm „Städtisches Franziskuskrankenhaus“. Den 19. September 1944 ass e Bréif un de Gemengerot geschriwwe ginn, mat der Demande, datt d'Kongregatioun d'Klinick nees zeréck kréie kéint.

An den 1940er a 50er Jore goufen eng Rëtsch Zëmmeren ëmgebaut, renovéiert a moderniséiert an et koumen e puer nei Apparater bäi. Do dernieft gouf och nach eng Bibliothéik ageriicht.

Well d'Gebailechkeeten um Fëschmaart ëmmer nees ze kleng waren, huet d'Kongregatioun decidéiert nieft dem Mutterhaus um Belair eng nei Klinick ze bauen. Den éischte Spuedestéch war den 13. Juli 1953.

1956, wéi d'Clinique Sacré-Cœur um Belair fäerdeg gebaut war, goufen déi meescht medezinesch Servicer dohi verluecht. Just d'Hals-Nues-Oure-Chirurgie, d'Aechirurgie an d'Servicer vun der Allgemengmedezin blouwen an der Clinique Saint-François, bis se 1997 dunn och op de Belair verluecht goufen. Um Fëschmaart ware vun do u just nach d'Servicer vun der Post-Hospitalisatioun an der akuter Psychiatrie[8] a vun 1975[9] un huet de Saint-François just nach als Fleegeheem fonctionéiert, bis en den 31. Dezember 2000 zerguttst zougemaach gouf[8].

Chef-Doktere vun der Klinick

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1884 - 1919: Dr Mathias Grechen[10]
  • 1919 - 1952: Dr Norbert Pauly[11]

D'Gebai steet zanter dem 20. Oktober 1961 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.

Commons: Clinique Saint-François – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Journées du Patrimoine: Die ehemalige Clinique Saint-François. Wort.lu (2012-09-21). Gekuckt de(n) 2021-02-12.
  2. Le cloître Saint-François se transforme en logements - ARCHIDUC - Magazine d'Architecture (Luxembourg). Archiduc (2014-06-25) Archivéiert de(n) 2021-02-15. Gekuckt de(n) 2021-02-12.
  3. Du très haut standing en plein cœur de la Ville. L'essentiel. Gekuckt de(n) 2021-02-12.
  4. 4,0 4,1 4,2 Michel Schmitt 1986, an der Literatur
  5. Quell, wou net anescht uginn: Jos A. Massard, 2021, „Erweiterte Online-Version (…)“ a Fernand Hastert, 2011, „Chronik der Clinique St-François (…)“ an der Literatur
  6. Königlich-grossherzoglicher Beschluss. Der Wächter an der Sauer (22.01.1867). Gekuckt de(n) 12.02.2021.
  7. Augenheilanstalt zu Luxemburg. Luxemburger Wort (22.02.1867). Gekuckt de(n) 11.02.2021.
  8. 8,0 8,1 (Denis Laloy), Clinique Maison de Soins Saint François. a-z.lu (04.2002). Gekuckt de(n) 2021-02-17.
  9. (Pierre Scholtes) „Abschied der Stadtschwestern“. www.pressreader.com. Luxemburger Wort. Gekuckt de(n) 2021-02-21.
  10. † 07.03.1919
  11. † 11.01.1952