Ferdinand Zartmann

Vu Wikipedia
Ferdinand Zartmann
Gebuer 4. Oktober 1835
Bonn
Gestuerwen 6. Oktober 1922
Karlsruhe
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Dokter

De Ferdinand Zartmann, gebuer de 4. Oktober 1835[1] zu Bonn a gestuerwen de 6. Oktober 1922 zu Karlsruhe, war en däitschen Aendokter, deen eng Zäit zu Lëtzebuerg praktizéiert huet.[2]

De Ferdinand Zartmann, deen am 1857 säin Abitur zu Bonn gemaach hat, huet am August 1862 zu Berlin mat der Dissertatioun De nephritide parenchymatosa ex urinae retentione orta promovéiert. Dora goung et ëm d'Nierenentzündung, déi duerch d'Staue vum Urin an der Blos ervirgeruff ka ginn.

Aendokter zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Mat der kinneklech-groussherzoglecher Veruerdnung vum 11. Januar 1867 krut de Ferdinand Zartmann d'Erlabnes fir sech zu Lëtzebuerg als Aendokter z'etabléieren an do eng Aeklinick opzemaachen, ënnert der Konditioun, datt hien aarm Leit gratis behandele misst. Mat der Ënnerstëtzung vun der Marguerite Séraphine Beving huet hie kuerz drop, de 15. Februar 1867, am Klouschter vun de Baarmhäerzege Schwësteren (Franziskanerinnen) um Fëschmaart an der Stad déi éischt lëtzebuergesch Klinick fir Aekränkten („Augenheilanstalt“) opgemaach. Dat war den Ufank vun der spéiderer Clinique Saint-François.

Wärend dem Däitsch-Franséische Krich vun 1870/1871 huet den Dr. Zartmann un dräi sougenannten "Expeditiounen" vum lëtzebuergesche Comité de secours aux militaires blessés deelgeholl: 1. d'Expeditioun vum 7. August 1870 op Saarbrécken; 2. d'Expeditioun vum 16. August 1870 op Gravelotte, wou hien ënnerwee zu Corny-sur-Moselle zeréckbliwwen ass; 3. d'Expeditioun vum 8. September 1870 op Sedan.

Aendokter zu Metz[änneren | Quelltext änneren]

Wéi nom Friddensvertrag tëscht Däitschland a Frankräich vum 10. Mee 1871 grouss Deeler vum Elsass a vu Loutrengen däitsch gi sinn, huet den Dr. Zartmann, dee jo däitsche Staatsbierger war, sech zu Metz niddergelooss. Den 1. August 1871 huet hien do eng Aeklinick am Klouschter vun de Sœurs de Notre-Dame de l'Espérance opgemaach. Do huet hie moies praktizéiert a mëttes a senger Wunneng. Donieft huet hien och nach Consultatiounen zu Lëtzebuerg ginn. Déi lescht Annonce dofir huet hien am Juli 1887 gemaach. Vun 1890 un huet den Zartmann mat zwou kuerzen Ënnerbriechungen zu Karlsruhe gelieft, wou hien och gestuerwen ass.

D'Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Ferdinand Zartmann war de Jong vum Dokter Andreas Josephus Zartmann, deen den 30. November 1801 zu Bonn op d'Welt koum. Säi Papp hat fir d'éischt fir Apdikter geléiert, dono huet hie vum Dezember 1824 u Medezin zu Bonn studéiert, wou hien 1829 promovéiert huet. Seng Dissertatioun mam Titel De strumae extirpatione huet sech mat der Exstirpatioun vun der Schilddrüs befaasst. Hien huet zu Bonn praktizéiert, wou hien den 9. Abrëll 1894 als Sanitätsrat gestuerwen ass.

De Ferdinand Zartmann huet sech den 12. Mäerz 1872 zu Metz mat der Louise Caroline Ellissen, gebueren den 1. Mee 1852 zu Metz, bestuet. D'Koppel Zartmann-Ellissen hat zwee Kanner, déi zu Metz op d'Welt koumen: de Jules André Marie (1873-1942), deen eng Militärkarriär an Däitschland ageschloen huet, an de Robert Zartmann (1874-1954)[3], dee sech an Däitschland en Numm als Moler vu Stëllliewen (natures mortes) a Landschafte gemaach huet.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Zartmann, Ferdinand, 1862. De nephritide parenchymatosa ex urinae retentione orta. Diss. inaug. Berolini [Berlin], typis Rosenthal ejusque soc., 36 p.
  • Zartmann, Ferdinand, 1868. Die Augenheilanstalt zu Luxemburg während des ersten Jahres ihres Bestehens (vom 15. Februar 1867 bis 15. Februar 1868). Luxemburg, V. Bück, 23 S.
  • Zartmann, Ferdinand, 1868. Etablissement ophthalmique établi à Luxembourg: Compte-rendu publié par le médecin en chef F. Zartmann, Docteur en médecine de la Faculté de Berlin. Luxembourg, Imprimerie de V. Bück, 20 p. + prospectus.
  • Zartmann, Ferdinand, 1869. Établissement ophthalmique à Luxembourg: compte-rendu 1868 publ. par F. Zartmann. Luxemburg, V. Bück, 20 p.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A., 2021. Luxemburgs erste Augenheilanstalt. Die Barmherzigen Schwestern, eine edle Wohltäterin und der deutsche Arzt Ferdinand Zartmann standen an der Wiege dieser Klinik. (Fortsetzung): Geschichte der Augenheilkunde in Luxemburg. Der deutsche Augenarzt Ferdinand Zartmann hat ein wichtiges Kapitel in der Entwicklung der Ophthalmologie in Luxemburg geschrieben. Die Warte 2021, Nr. 6 (11. Februar): 4-5; Nr. 7 (25. Februar): 8-9. PDF — Erweiterte Online-Version. PDF

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Am Acte de mariage vum Zartmann steet als Gebuertsdatum de 4. Oktober 1835 (Archives municipales de Metz, cote: 1E/c6, Registre des mariages 1872, n° 88). Et fënnt een an der Literatur awer och de 6. Oktober 1837 (W. Erman, 1899. Verzeichnis der Berliner Universitätsschriften, 1810-1885, nebst einem Anhang enthaltend die ausserordentlichen und Ehren-Promotionen. Berlin, S. 433). Laut dem Stierfakt war den Zartmann 87 Joer al, wéi en 1922 gestuerwen ass (Stadt Karlsruhe, Sterberegister 1922, Nr. 1511 vom 6. Oktober 1922); dat weist also op 1835 als Gebuertsjoer hinn. Et ass unzehuelen, datt de Gebuertsdatum vum Acte de mariage stëmmt. Cf. Massard 2021, Online-Versioun.
  2. Massard 2021.
  3. Wikipedia: Robert Zartmann [gekuckt 2022-01-29].