Clinique Saint-Joseph

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der fréierer Jousefsklinick an der Stad Lëtzebuerg. Fir d'Jousefsklinick vu Wolz, kuckt wgl. Clinique Saint-Joseph (Wolz).
Clinique Saint-Joseph
Renovéiert Gebai vun der fréierer Jousefsklinick (2021)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Adress 3 Rue Sigefroi
Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 41.22’’ N
      06° 08’ 03.88’’ O
Statut klasséiert Monument
Datum vum Bau 15. Jh.

D'Clinique Saint-Joseph, och nach Jousefsklinick, war eng Klinick am fréieren Haus Lanser um Fëschmaart an der Stad, déi vun 1902 u vun de Franziskanerinne bedriwwe gouf. Se gouf 19.. zou gemaach an de Fonds de rénovation de la vieille-ville huet d'Gebai 1998 kaaft, et mat den Niewegebaier renovéiert an a Wunnengen ëmgebaut.

Geschicht[1][änneren | Quelltext änneren]

Am 15. Joerhonnert huet ee vun de räichste Wäinhändler aus der Stad, de Clais Houst, am Eckhaus Rue Sigefroi / Rue Wiltheim gewunnt. Aus där Zäit ass nach grousse verwëllefte Keller erhalen. Duerno huet en Ierwe vum Clais, den Antoine Houst mat senger Fra Marguerite Monderich am Haus gewunnt. D'Koppel hat op d'mannst zwou Duechteren, wouvun eent, d'Eva, sech mam Augustin Lanser bestuet huet. Den Augustin Lanser war Procureur a gouf 1667 Member vum Conseil provincial.

D'Familljen Houst a Lanser hunn op d'mannst wärend 300 Joer am Haus gewunnt, bis et 1760 un den Duchhändler Jean-Baptiste Vandernoot[2] verkaaft gouf. Nom Doud vum Jean-Baptiste ass et vu senger Wittfra, der Barbe Reuter, un eng Famill Coster iwwergaangen.

Bei enger Stee am Januar 1869 gouf den Alexandre Moreau, en Huttmécher vun Troyes, neie Proprietär vum Haus fir e Präis vu 36.000 Frang. Am Haus gouf dunn eng Duchfabrick installéiert an um Rez-de-chaussée war eng Wiertschaft mam Numm « Café de la Concorde ».

D'Franziskanerschwësteren hunn d'Haus 1902 kaaft an et lues a lues – nom Depart vun de Locatairen – an e Spidol ëmfonctionéiert.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Ënner der däitscher Okkupatioun ass d'Klinick den 28. August 1942 vum Stillhaltekommissar ënnert d'Tutelle vun der Gemeng Lëtzebuerg respektiv dem Buergermeeschter Richard Hengst gesat ginn. Op Grond vun enger Veruerdnung vum Chef vun der Zivilverwaltung ass d'Stad Lëtzebuerg de 26. Mäerz 1943 du Proprietär vun der Jousefsklinick grad ewéi vun der Clinique Saint-François ginn. D'Klinick krut dunn den agedäitschten Numm „Städtisches Josefskrankenhaus“[3].

Mat der Modernisatioun an der Verlagerung vun der Klinicke baussent de Stadzentrum, absënns den neier Klinick Sacré-Cœur déi 1956 um Belair opgaangen ass, ass d'Jousefsklinick an e Fleegeheem ëmfonctionéiert ginn, et blouwe just nach e puer Doktesch-Praxissen an e klengen Operatiounssall bestoen.

D'Klinick ass 19.. zerguttst zougemaach ginn.

Architektur[änneren | Quelltext änneren]

Aus dem Mëttelalter, zur Zäit wou de Clais Houst mat senger Famill am Haus gewunnt huet, besteet nach e grousse verwëllefte Keller vu ronn 10 6,30 m, ee vun de gréisste Kelleren déi deemools an der Alstad bestoungen.

D'Gebai selwer ass net esou al an d'Fläch entsprécht och net den Ëmrëss vum Keller. D'Haus konnt iwwer d'Joren eraus vergréissert ginn: op där enger Säit – zur Sigfridsstrooss hin – op déi fréier Maartplaz an op der Säit vun der Wiltheim-Strooss op der Fläch vun enger fréierer Sakgaass déi verschwonnen ass. D'Bauweis, d'Gréisst vum Haus, d'Fënsterrummen, den Ënnerbau, de Banneraum an d'dendrochronologesch Analys vum Gespär erlaben et, de Bau vum Haus op ongeféier 1620 ze datéieren.

D'Haus gouf 1684 bei de Bombardementer vun der Festung beschiedegt an den Augustin Lanser huet duerno bei der Renovatioun decidéiert, d'Haus ze vergréisseren, andeems hien d'Nopeschhaus mat a säin Haus integréiert huet. Bei där Geleeënheet gouf och d'bannenzeg Opdeelung vun den Zëmmere g'ännert, d'viischt Dier gouf geréckelt an d'baussenzeg Trap gouf an d'Haus integréiert.

Nom Ëmbau war d'Face zur Säit vum Maart vun 12 m op 19 m vergréissert ginn an hat do 18 Fënsteren. Op all Stack koume mat der Vergréisserung ronn 50 m² Wunnfläch bäi, wat d'Gesamtfläch vum Haus op 550 m² erhéicht huet.

D'Gebai steet zanter dem 10. November 1989 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Clinique Saint-Joseph – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Isabelle Yegles,« La maison d'Augustin Lanser », an der Literatur
  2. oder van der Noot
  3. Fernand Hastert. Chronik der Clinique St-François des Franciscaines de la Miséricorde: 1860 - 1980. Luxembourg: Éd. Saint-Paul, 2011. Print, S. 19-20