Tunnel ënner der Stad Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Tunnel ënner der Stad Lëtzebuerg
Aquatunnel
Den Tunnel ënner der Stad
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'32,18"N, 6°7'39,68"O
Datum vum Bau 1961
Proprietär Stad Lëtzebuerg (Verwaltung)
De Pëtz vun der Plëss (56m héich eropgekuckt)
Informatiounspanneau virum Agank vum Aquatunnel 2011.

Den Tunnel ënner der Stad (Lëtzebuerg) ass eng Galerie mat engem Ofwaasserkollekter, déi de Péitrussdall mam Pafendall verbënnt. D'Galerie, déi och nach ënnert dem Numm Aquatunnel bekannt ass, ass 900 m laang, 4,40 m breet, 3,25 m héich a läit an der Moyenne 60 m ënner dem Buedem vun der Stad Lëtzebuerg. Am Tunnel sinn et d'ganzt Joer duerch 12-14 °C.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An de Joren 1910 - 1912 gouf en Ofwaasserkanal fir d'Quartiere Märel, Belair an Zéisseng vun Hollerech duerch de Péitrusdall bis an de Gronn gebaut ginn, a vun do aus laanscht d'Uelzecht bis bei d'Beggener Kläranlag. Um Enn vun den 1950er Joren ass en dunn ze kleng gi fir nach all d'Ofwaasser ze packen, an et huet missen no enger Léisung gesicht ginn. Well den alen Tracé 3.300 m laang war an deelweis ënner Haiser verlaf war, war net wierklech un en Ausbau ze denken. D'Iddi fir en neie Kanal riicht ënner der Stad ze verleeën huet do och vun engem finanzielle Standpunkt aus gesinn duerchaus Sënn gemaach.

Den Tunnel gouf mat 15 t Dynamit an de Fiels gesprengt an et goufe 14.000 m³ Gestengs evakuéiert. D'Aarbechte goufe vun der Firma „Arge“ realiséiert, enger Zesummenaarbecht vun der Lëtzebuerger Firma Dupont-Flammang mat der däitscher „Hochtief A.G.“ vun Essen. Se hunn am Juli 1961 ugefaangen, et gouf op dräi Schichte geschafft an déi lescht Sprengung war den 9. Mee 1962. Am August 1963 war den Tunnel fäerdeg gebaut an de Kanalsrouer verluecht.

D'Protection Civile huet Intressi gewisen, fir den Tunnel als Loftschutzbunker ausbauen ze loossen, wat och deelweis geschitt ass .

Den Tunnel ënner der Stad mécht awer och e klenge Lien zur Festungsgeschicht: e gëtt Accès op den ale Pëtz op der Plëss an op dee vun der Biederplaz mat senger extreem gudder a grousser Quell. Déi Plaz vu wou een am Aquatunnel no uewen duerch de Pëtz kucke kann, ass awer net um Niveau vum Grondwaasser; dee läit ronn 10 m méi déif, den ënneschten Deel vum Pëtz gouf opgeschott.

Heiansdo kënne Schoulklassen oder Privatleit un enger Féierung duerch den Tunnel deelhuelen.

Aquatunnel 2011[änneren | Quelltext änneren]

Den 23. Januar an den 13. Februar 2011 huet d'Waasseramt vun der Stad Lëtzebuerg eng Ausstellung iwwer de Waasserzyklus am Tunnel organiséiert, deen dofir an „Aquatunnel“ ëmgedeeft gi war an zanterhier säin ëmgangssproochlech Numm huet. Am Kader vun der Porte-ouverte konnten d'Visiteuren duerch de ganzen Tunnel goen, vum Agank am Péitrussdall bis zur Sortie am Pafendall. Am Ganzen 8.500 Leit ware sech déi Ausstellung ukucken[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tunnel ënner der Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "L'AquaTunnel déborde de visiteurs." wort.lu, 14.02.2011 08:42.