Kläranlag Beggen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Beggener Kläranlag vun Osten aus gesinn (2018).

D'Kläranlag Beggen ass - nieft der Kläranlag vu Bouneweg - eng vun zwou Kläranlage vun der Stad Lëtzebuerg. Anescht wéi een unhuele kéint, läit s'awer net am Stater Quartier Beggen, mä um Gebitt vun der Gemeng Walfer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et hat bis 1880 gedauert ier de Bau vun der éischter ëffentlecher Kanalisatioun an der Stad an Ugrëff geholl gouf. D'Ofwaasser gouf a Kloake geleet, vu wou aus et dann an de Flëss a Baachen entsuergt gouf. Enger Bestëmmung vun 1892 no war et awer nëmmen erlaabt Reen- a Schmotzwaasser, op kee Fall awer Fäkalien, iwwer d'Kanalisatioun z'entsuergen. Et huet sech awer séier erausgestallt, datt dat schwéier duerchzesetze war a sou goufen sech Uganks vum 20. Joerhonnert Gedanken iwwer e Gesamtkonzept gemaach. D'Konklusioun war, datt vun 1910 un e Sammelkanal gebaut gouf an d'Beggener Kläranlag vun 1912 u funktionéiert huet.

Den ëmmer méi héije Waasserverbrauch an och doduerch, datt de Kanal vun den Nopeschgemenge mat ugeschloss gouf, huet dozou geféiert, datt déi Beggener Anlag schonn 1939 huet missen ausgebaut ginn. Nieft der Beggener Anlag ware bis zum Enn vun de 1960er Joren och nach eng Rëtsch méi kleng Kläranlagen a Betrib.

Déi nei Kläranlag zu Beggen[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst dem bestännege Wuesstem vun der Stad an den ugeschlossene Randgemengen a wéinst de gesetzleche Bestëmmungen am Beräich vum Ëmweltschutz, huet d'Stad Lëtzebuerg hiert Ofwaasserkonzept missen un dës Ufuerderungen upassen. No enger Partie Etüde gouf 2002 decidéiert[1] déi Beggener Kläranlag nei ze baue fir datt da méi spéit d'Ofwaasser just nach zu Beggen gekläert gëtt. Fir dat z'erméigleche muss en neie Kollekter tëscht der Bouneweger an der Beggener Kläranlag gebaut ginn. Dëse Kanal soll 2019 fäerdeg sinn an da gëtt d'Anlag zu Bouneweg net méi gebraucht. Wann dat alles ofgeschloss ass, gëtt zu Beggen d'Ofwaasser aus alle Stater Quartieren a vu Bartreng, Stroossen, Leideleng, dem westlechen Deel vum Findel, dem Schléiwenhaff a vu Riedgen traitéiert.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ofwaasserkollekter vun der Stad Lëtzebuerg

De 5. November 2007 gouf de Grondstee fir déi nei Kläranlag zu Beggen geluecht. Se gouf den 3. Oktober 2011 offiziell ageweit[2].

Am Verglach zur aler Anlag ginn et an der neier eng Partie Neierungen. Déi nei Anlag ass méi kompakt, se ass iwwerdaacht, belëft an huet och en Equipement fir de Gestank z'eliminéieren.

D'Ofwaasser gëtt an e puer Etappen traitéiert: an der Virbehandlung, der sougenannter mechanescher Etapp, ginn déi fest Stoffer an d'Uelegen eliminéiert. Duerno kommen nach zwou Etappen déi als biologesch Klärung bezeechent ginn: fir d'éischt gëtt d'Ofwaasser a 6 Basengen déi mat Lamellen equipéiert sinn eng éischt Kéier gekläert ier dann, mat Hëllef vu Bakterien a 16 Filterzellen, déi Stoffer gekläert ginn, déi sech am Waasser opgeléist hunn.

Déi gréisst Verbesserung am Verglach mat der fréierer Anlag ass datt an der drëtter Kläretapp Stéckstoff- a Phosphorverbindungen eliminéiert ginn. Bei der neier Anlag kënnen d'Stéckstoffverbindunge bis zu 80 % an Ammoniumstéckstoffer bis zu 95 % eliminéiert ginn. Och beim Eliminéiere vun de Phosphorverbindunen gëtt et eng Verbesserung vum Taux vun 80 % op 90 %. Dëst alles erlaabt et der Eutrophisatioun vun der Uelzecht entgéint ze wierken an domat d'Waasserqualitéit staark ze verbesseren.

Fir déi nei Kläranlag zu Beggen goufe 66,15 Milliounen Euro investéiert. D'Anlag ass op eng Leeschtung fir de Besoin vun 210.000 Awunner ausgeriicht a se ka pro Dag bis 40.000 m³ Ofwaasser klären[3].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kläranlag Beggen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Vott vum Avant-projet duerch de Stater Gemengerot de 16. Dezember 2002
  2. Cour des comptes, 2014, Rapport spécial portant sur les stations d’épuration S. 20
  3. Quell, wann net anescht uginn: Broschür „Écologique“ Nr 3/2011 vun der Stad Lëtzebuerg