Ofwaasserkollekter vun der Stad Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Am Ofwaasserkollekter vun der Stad Lëtzebuerg (nach net a Betrib)

Den Ofwaasserkollekter vun der Stad Lëtzebuerg ass en ënnerierdesche Kanal duerch deen d'Schmotzwaasser ënnert der Stad erduerch an d'Beggener Kläranlag geleet gëtt. De Kanal huet e bannenzegen Duerchmiesser vun 2 Meter.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1880 gouf an der Stad mam Bau vun der éischter ëffentlecher Kanalisatioun ugefaangen. D'Ofwaasser gouf a Kloake geleet, vu wou aus et dann an de Flëss a Baachen entsuergt gouf. Uganks vum 20. Joerhonnert gouf sech du Gedanken iwwer e Gesamtkonzept gemaach. D'Konklusioun war, datt vun 1910 un e Sammelkanal gebaut gouf an d'Beggener Kläranlag vun 1912 u funktionéiert huet.

Opgrond vun neien EU-Direktiven uganks vun den 1990er Joren huet d'Stad Lëtzebuerg missen e Choix treffen: entweeder misst déi Bouneweger Kläranlag erneiert ginn, fir datt do och Stéckstoff kéint gekläert ginn oder d'Ofwaasser misst vu Bouneweg op Beggen geleet ginn, fir et do ze traitéieren. An deem Fall géif déi Bouneweger Anlag dann net méi gebraucht ginn.

No techneschen a finanziellen Etüden 1993 gouf sech fir déi zweet Variant entscheet. D'Iddi vun engem Kollekter, deen d'Schmotzwaasser aus de südleche Quartiere vun der Stad (Bouneweg, Zens, Hamm, Polvermillen, Gaasperech) an der Nopeschgemeng Leideleng an d'Kläranlag vu Beggen leede soll, war gebuer. Am neie Kollekter kann och d'Waasser aus anere Géigende vun der Stad gesammelt ginn, wat eng Entlaaschtung fir déi aner Kollekteren erméiglecht.

Den Avant-projet fir den neie Kollekter gouf de 16. Dezember 2002 vum Stater Gemengerot gestëmmt. D'Chamber huet de 6. Mee 2004 d'Gesetz ugeholl mat deem de Staat sech finanziell um Bau vum Kollekter an dem Neibau vun der Beggener Kläranlag bedeelege kann[1]. De 26. Juni 2006 huet de Stater Gemengerot den definitive Projet gestëmmt, déi néideg Demanden an Etüden (Hydraulik, Gefor, Geologie, Versécherung, Material, ...) goufe gemaacht.

Am Dezember 2009 goufen d'Aarbechten ausgeschriwwen. Nodeems de Marché vergi gi war, koum et zu engem juristesche Sträit bei deem eng Rëtsch Entreprisen, déi als Association momentanée matgebueden haten, géint d'Gemeng virgaange sinn, well si de Marché net gewonnen haten[2]. Duerch dës juristesch Streidereie koum et zu engem Retard, sou datt de Schantjen eréischt am Dezember 2012 ufänke konnten. Der deemoleger Planung no, sollt de Kollekter 2016 fäerdeg sinn. Wéinst Schwieregkeete wärend de Bauaarbechte koum et nees zu Retarden, sou datt ee mëttlerweil vun enger Fäerdegstellung fir 2019 ausgeet[3].

De Schantjen[änneren | Quelltext änneren]

D'Aarbechte goufen op verschiddene Plaze gläichzäiteg gemaacht, wat et erméiglecht huet méi séier virun ze kommen, fir déi finanziell a personell Ressource besser anzesetzen an d'Auswierkunge vun der Belaaschtung fir d'Awunner sou kleng wéi méiglech ze halen.

D'Plange fir e Kollekter vu sou enger Gréisst ze baue war eng besonnesch technesch Erausfuerderung.

Den Tracé[änneren | Quelltext änneren]

Beim Plange vum Tracé fir de Kollekter ass engersäits no der Geologie vum Terrain gekuckt ginn an anersäits gouf awer och drop opgepasst fir haaptsächlech ënner ëffentleche Grondstécker erduerch ze fueren a fir den Trafic wärend den Aarbechten esou mann wéi méiglech ze stéieren.

De Prinzip vum Schantjen[änneren | Quelltext änneren]

Well de Kollekter an enger grousser Déift verluecht gëtt, gouf op d'Bauweis vum ënnerierdesche Bueren zeréckgegraff. Iwwer déi ganz Streck vu 6,15 km goufen am Ganzen 9 Grouwe gegruewen. All Grouf huet eng Déift vun ongeféier 15 Meter an en Duerchmiesser vun 10 bis 15 m. An all Grouf gëtt d'Maschinn erof gelooss, déi den Tunnel buert an duerno d'Betongsréier erandréckt.

Déi eenzel Grouwen[änneren | Quelltext änneren]

Grouf Standuert Koordinaten Bild
1 Bouneweg, um Site vun der Kläranlag 49° 36’ 12.5’’ N
      06° 08’ 35.6’’ O
2 (war ursprénglech geplangt, gouf awer net realiséiert)
3 Gare, am Péitrussdall beim „Schlittenhiwwel“ 49° 36’ 26.3’’ N
      06° 07’ 52.1’’ O
4 Pafendall, Rue Laurent-Menager, bei der Eecher Paart 49° 37’ 00.9’’ N
      06° 07’ 51.1’’ O
5 Pafendall, Rue Laurent-Menager, beim Foussballsterrain 49° 37’ 18.5’’ N
      06° 07’ 54.1’’ O
6 Eech, Rue Munchen-Tesch 49° 37’ 42.4’’ N
      06° 07’ 58.5’’ O
7 Dummeldeng, Raspert 49° 37’ 55.8’’ N
      06° 08’ 12.0’’ O
8 Beggen, Rue Pierre-Joseph Redouté 49° 38’ 32.1’’ N
      06° 07’ 57.0’’ O
9 Beggen, Rue de Bastogne 49° 38’ 48.7’’ N
      06° 07’ 55.2’’ O
10 Bäreldeng, um Site vun der Beggener Kläranlag 49° 39’ 02.9’’ N
      06° 07’ 48.1’’ O

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ofwaasserkollekter vun der Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 12 juin 2004 autorisant le Gouvernement à participer au financement des travaux nécessaires à: - l'extension et à la modernisation de la station d'épuration de Beggen; - la construction d'un collecteur de transport des eaux résiduaires entre Bonnevoie et Beggen. op legilux.lu (gekuckt den 12. Februar 2018)
  2. Recours introduit par l'association momentanée ... , contre des décisions du collège des bourgmestre et échevins de la Ville de Luxembourg, en présence de l'association momentanée XXX, en matière de marchés publics op justice.public.lu (gekuckt den 13. Februar 2018)
  3. Collecteur reliant deux stations d'épuration - Présentation du chantier