Parc Heintz (Escher Strooss)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Skulpturepark vun der BIL zu Hollerech. Fir de Park vun Heintz Van Landewyck am Garer Quartier, kuckt wgl. Parc Heintz (rue de Hollerich). |
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Hollerech |
Koordinaten | 49°36'10,15"N, 6°7'16,93"O |
Ugeluecht | 22. Juni 2000 |
Bauhär | Interbank |
Genannt no | Joseph Heintz |
Fläch | 1 ha |
De Parc Heintz, oder Heentze Park, wéi en op Lëtzebuergesch genannt gëtt, ass e private Skulpturepark zu Hollerech an der Stad Lëtzebuerg deen awer ëffentlech zougänglech ass. De Park huet eng Fläch vun eppes méi wéi engem Hektar a läit beim Sëtz vun der BIL, tëscht der Escher Strooss an der Rue de la Semois.
De Park huet den Numm vum Joseph Heintz, Industriellen a Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, deen de Park ufanks vum 20. Joerhonnert kaaft hat. An den 1970er Joren hat d'BIL den Terrain opkaaft fir hire Sëtz „L'Indépendance” do opzeriichten.
Am Optrag vun der BIL huet de belsche Sculpteur Pierre Culot, zesumme mam Architekt Thierry Germe an dem Landschaftsgäertner Christophe Spéhar, de Skulpturepark entworf an nei amenagéiert[1], deen den 22. Juni 2000 ageweit gouf.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Skulpturen am Park
[änneren | Quelltext änneren]Verschidde Skulpturen déi zäitweis am Park ausgestallt waren:
- High Wind vum Lynn Chadwick
- Sculpture en granit vum Pierre Culot
- Taichi Single Whip vum Ju Ming
- La Balance vum Bertrand Ney
- Pacholette vum César
- Sphère vun der Marta Pan
- Argus III vum Olivier Strebelle
- R(êv)éalité vum Paul Wallach
- Cambrages vum Lucien Wercollier
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Marianne Brausch, Joseph Tomassini, 2000. En suivant Ses jardins... (quatrième et dernier épisode) Des nains de jardins (bis) et un jardin extraordinaire. An: d'Lëtzebuerger Land Nr. 26 vum 30. Juni 2000, S. 16
- Marianne Brausch, 2000. Arts plastiques Nature contre urbain. An: d'Lëtzebuerger Land Nr. 41 vum 13. Oktober 2000, S. 25
- Marc Hoffmann, 2001. Le Parc Heintz: le poumon artistique de Luxembourg. In: Robert, Theisen, 2001. Luxembourg sculptures. Éditions Ilôts, Steesel, ISBN 2-87996-932-8, Ss. 100-107
- Marianne Brausch, 2002. Sculpture Fruits de saison. An: d'Lëtzebuerger Land Nr. 44 vum 31. Oktober 2002, S. 23
- Marianne Brausch, 2003. Arts plastiques Moderne, toujours. An: d'Lëtzebuerger Land Nr. 214 vum 13. Juni 2003, S. 21
- Romina Calò, 2003. Exposition Promenade d'automne. An: d'Lëtzebuerger Land Nr. 45 vum 7. November 2003, S. 19
- Marianne Brausch, 2005. Sculpture Figures de styles. An: d'Lëtzebuerger Land Nr. 22 vum 3. Juni 2005, S. 20
- Boris Kremer, Alex Reding, 2006. My home is my castle : exposition d'art contemporain, du 1er juin au 27 octobre 2006, Galerie l'Indépendance - Parc Heintz, Editioun Luxembourg : Dexia-BIL
- Didier Damiani, 2006. Art contemporain I'm the King of the Castle. An: d'Lëtzebuerger Land Nr. 36 vum 8. September 2006, S. 21
- Didier Damiani, 2007. Exposition Red Dog in the Park. An: d'Lëtzebuerger Land Nr. 34 vum 24. August 2007, S. 18
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Parc Heintz (Escher Strooss) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Marianne Brausch, Joseph Tomassini, 2000: En suivant Ses jardins..., an der Literatur.