Luxtram-Linn Luxexpo - Pôle d'échanges West

Vu Wikipedia
Giel Linn
Luxexpo - PE West
Bedreiwer LuxTram
vu(n) Laangfur (provisoresch)
op Hollerech (provisoresch)
iwwer Kierchbierg, Uewerstad, Garer Quartier, Hollerech
opgaang 2035

D'Linn Luxexpo - Pôle d'échanges West ass eng geplangt Linn vum Stater Tram, déi bis 2035 op engem éischten Deel opgoe soll. Op Basis vun der Tram-Reseauskaart am Nationale Mobilitéitsplang 2035 gëtt se och nach als Giel Linn bezeechent.

Den 1. Februar 2024 huet d'Chamber d'Finanzgesetz fir déi éischt Deelstécker Rout Bréck–Laangfur a Stater Gare–Hollerech gestëmmt.[1]

Streckeféierung[änneren | Quelltext änneren]

Geplangt Streck vun der Linn

Wa se bis ganz fäerdeg ass, geet d'Linn vun der Halt Luxexpo am Norde vun der Stad (Kierchbierg) bis op d'Porte de Hollerich a virun op e geplangte Pôle d'échanges (PE West) op der Grenz vun der Stad mat der Nopeschgemeng Stroossen.

D'Linn besteet aus follgenden, eenzele Streckendeeler (vun Norden a Richtung Südweste gekuckt):

Luxexpo - Laangfur[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Luxexpo aus leeft d'Streck iwwer de Circuit de la Foire internationale an de Boulevard Pierre Frieden, nërdlech laanscht den Domaine du Kiem a Richtung vum Flouer Op der Schleed a Kuebebierg. Vum Kuebebierg aus féiert dann eng nei Bréck (déi just fir den Tram, Cyclisten a Foussgänger reservéiert ass) iwwer de Mäertesgronn bis an de Flouer Laangfur.

Op dësem Streckendeel[2] gëtt den aktuelle Wunnquartier vum Domaine du Kiem grad wéi den nei geplangte Quartier Kuebebierg ugebonnen, engersäits a Richtung vun der Stad an anersäits a Richtung vun de Pôle-d'échangë Luxexpo, Héienhaff an dem Fluchhafen.

D'Aarbechte si fir 2031 – 2033 geplangt, mam Zil fir dësen Deel vun der Streck fir 2033 opzemaachen.

Laangfur - Rout Bréck-Pafendall[änneren | Quelltext änneren]

Hei um Bd Konrad Adenauer gëtt d'Plattform fir den Tram an der Mëtt vum Stroosseraum gebaut

Deen am Projet de loi als K2A bezeechenten Deel vun der Streck geet vum Flouer Laangfur, wou e provisoreschen Terminus gebaut gëtt, a Richtung vun der Rue Coudenhove-Kalergi an dréint dann a Richtung Westen op de Boulevard Konrad Adenauer. Vu do aus leeft se dann iwwer déi genannt Strooss, an der Mëtt vum aktuelle Stroosseraum bis op d'Avenue John F. Kennedy. Hei ass dann den Uschloss un d'Streck Luxexpo - Bouneweg, déi aktuell scho besteet. D'Aarbechte fir dësen Deel si vun 2025 bis 2027 geplangt, mat enger Ouverture fir Enn 2027 / Ufank 2028. Déi nei Linn erlaabt et, déi bestoend europäesch Institutiounen an d'Europaschoul, grad ewéi de geplangte Quartier Laangfur an den neie Lycée Michel Lucius (dee fir 2028 do geplangt ass) unzefueren.

D'Catenairespottoen zentral tëscht de Gleiser, hei bei der Halt Rout Bréck-Pafendall

D'Streck gëtt 2,3 km laang a se gëtt gréisstendeels a Gréngs geluecht. Se kritt dräi Halten: Laangfur, École européenne a Wehrer mat jeeweils engem säitleche Quai pro Richtung; d'Quaie ginn 52 m laang an op d'mannst 3,75 m breet. D'Statioune leien am Schnëtt 730 m wäit auserneen. D'Plattform fir de Tram gëtt 7,20 m breet, mat Catenairen tëscht den zwéi Gleiser, a gëtt e bësse méi héich wéi de Stroossenniveau gebaut. Bei der Halt École européenne ass och eng elektresch Ënnerstatioun virgesinn.

Laanscht déi ganz Neibaustreck gëtt och den ëffentleche Raum ronderëm nei amenagéiert, sou z. B. d'Amenagement vum Stroosseraum vu Fassad bis Fassad an de Bau vun enger bidirektionaler Vëlospist nërdlech vum Boulevard Adenauer.

Eng Etüd iwwer d'Ëmweltkompatibilitéit huet erginn, datt d' Streck „nëmme kleng Auswierkungen op déi geschützt Gebidder huet“ an déi „duerch entspriechend Moossname kompenséiert kënne ginn“. D'Etüd seet och, datt d'„Tramslinn am Aklang mat de Bedierfnesser vum Land a punkto Mobilitéit, awer och vun enger nohalteger Entwécklung ass“. Am Kader vun der virgeschriwwener ëffentlecher Consultatioun iwwer d'Ëmweltkompatibilitéit déi vu Luxtram lancéiert gouf, si keng Awänn agereecht ginn.

D'Exploitatioun vun dësem Streckendeel gëtt an déi bestoend Linn T1 integréiert, sou datt d'Ramme vum Terminus Laangfur bis op Hollerech duerchfuere kënnen[3]. Tëscht Laangfur a Rout Bréck-Pafendall ass eng mëttel Vitess vun 21 km/h, eng Fuerzäit vun ongeféier 6 Minutten an en Takt vu 6 bis 8 Minutte virgesinn.

D'Finanzéierungsgesetz fir d'Deelstreck gouf den 23. Mee 2023 an der Chamber deposéiert.

Rout Bréck-Pafendall - Rond-point Schuman[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Kräizung Boulevard K. Adenauer / Avenue John F. Kennedy iwwer d'Halt Rout Bréck-Pafendall an d'Rout Bréck bis op d'Héicht vum Groussen Theater, fiert déi geplangt Linn iwwer déi Streck déi aktuell scho vun der Linn T1 benotzt gëtt.

Rond-point Schuman - Hamilius[änneren | Quelltext änneren]

Vum Rond-point Schuman aus ass déi nei Streck duerch d'Neipuertsgaass an de Boulevard Royal geplangt, fir op der Héicht vun der Arsenalstrooss nees op déi aktuell Streck ze stoussen.

Haaptsächlech de geplangten Trajet laanscht de Park an der Neipuertsgaass huet am Summer 2022 zu Protester vun natur & ëmwelt a vun de Frënn vun der Festungsgeschicht gefouert: déi eng fäerten, datt (zevill) Beem a Traisch ewechgemaach musse ginn an déi aner sinn drop erpicht, datt d'Iwwerreschter vun der Festung, déi ënnert dem Stroossenniveau leien, erhale bleiwe mussen[4].

An engem Oppene Bréif huet den deemolegen Transportminister François Bausch op d'Virwërf reagéiert an ë. a. gemengt[5]:

„D'Diskussioun huet et op der enger Säit un Kontext gefeelt, anerersäits goufen och einfach Ënnerstellunge kommunizéiert (…) et ass an et wäert net virgesi ginn, mam Tram duerch de Stater Park ze fueren“.

„Lo kann ee sécherlech 350 Meter Gleiser vum Tram an der Neipuertsgaass ouni Kontext iwwert Joren douddebattéieren an falsch Tatsaachen ënnerstellen. Vill méi sënnvoll wär et awer sech d'Fro ze stelle wat eng Mobilitéit een da gären an Zukunft a senger Stad hätt, y inclus enger Neipuertsgaass déi haut eng 20m breet Macadamsfläch ass a 4 Spuere fir Autoen a Bussen huet.“ (…)

„D'Equipe vu Luxtram hunn an der Vergaangenheet schonn oft bewisen, dass si och op sensibelen Trassen eng méi schéi Stad hannerlooss hunn wéi se virum Tram war an dass eng Mobilitéitsoffer verbesseren an am selwechten Otemzuch eng Stad Begréngen net am Widdersproch stinn. D'Neipuertsgaass an d'Entrée vum Stater Park wäerten no den Aarbechte méi schéin a méi gréng hannerlooss gi wéi se virfonnt goufen.“[sic]

An enger parlamentarescher Fro huet de Sven Clement am Oktober 2022 Detailer iwwer de geplangten Trajet gefrot. Den Transportminister huet doropshi g'äntwert, datt Luxtram nach am Gaang wier, fir verschidde Varianten z'ënnersichen, an datt zum Schluss déi bescht Variant zeréckbehale géif[6].

Um geplangten Deelstéck tëscht dem Rond-point Schuman an der Arsenalstrooss sinn zwou Halte geplangt[6].

Enn Mäerz 2024 war du gewuer ze ginn, datt den Tracé duerch d'Neipuertsgaass an iwwer de Boulevard Royal vun der Stater Gemeng bis 2035 keng Prioritéit hätt. Dat selwecht gëllt fir déi geplangt Streck (donkelblo Linn[7]) vun der Stäreplaz iwwer d'Areler Strooss Richtung Westen. Analyse vu Luxtram hätten iwwerdeems gewisen, datt absënns d'Ofbéie vun der Neipuertsgaass an de Boulevard Royal net méiglech wier.[8]

Dem Schäfferot no sollt éischter déi direkt Streck vun der mofer Linn[7] tëscht der Stäreplaz an der Cloche d'or (iwwer d'Escher Strooss) prioritär behandelt ginn[9].

Hamilius - Gare[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Kräizung Boulevard Royal / Avenue Émile Reuter iwwer d'Nei Bréck an d'Nei Avenue, bis virun d'Jean-Pierre-Buchler-Bréck, leeft d'Linn iwwer déi bestoend Streck vun der Linn T1.

Gare - Nei Hollerech[änneren | Quelltext änneren]

Den Tronçon Gare centrale - Hollerech, deen am Projet de loi als HOA bezeechent ass, geet ronn 280 m no der Halt Gare centrale vun der bestoender Streck a südwestlecher Richtung fort a leeft da quasi riicht aus duerch den nei geplangte Quartier Nei Hollerech bis bei de Site vum fréiere Gebai vun de Sozialversécherungen, kuerz virun der Escher Strooss. Op där Plaz gëtt e provisoreschen Terminus gebaut gëtt. D'Aarbechte fir dësen Deel si vun 2025/26 bis 2027/28 geplangt, mat enger Ouverture am leschte Semester 2027 oder dem éischte Semester 2028. Déi nei Linn erlaabt et, nieft dem neie Quartier och den neie Pôle d'échanges Hollerech unzefueren, wou een op den Zuch- a Busreseau ëmklamme kann.

D'Pottoe fir d'Catenairë lateral zu de Gleiser, hei bei der Halt Philharmonie / MUDAM

D'Streck gëtt 1,1 km laang a se gëtt gréisstendeels a Gréngs geluecht. Se kritt zwou Halten: Landewyck an Hollerech mat jeeweils engem säitleche Quai pro Richtung; d'Quaie ginn 52 m laang an op d'mannst 3,75 m breet. D'Statioune leien am Schnëtt 501 m wäit auserneen. D'Plattform fir de Tram gëtt 7,00 m breet, mat de Catenairespottoen op enger Säit vun de Gleiser. Se gëtt urbanistesch an den ëffentleche Raum vum Quartier ugepasst. Bei der Halt Hollerech gëtt och eng elektresch Ënnerstatioun gebaut.

Den ëffentleche Raum ronderëm déi ganz Neibaustreck gëtt am Kader vum Bau vum neie Quartier amenagéiert.

Grad ewéi fir den Tronçon Laangfur - Rout Bréck-Pafendall koum d'Etüd iwwer d'Ëmweltkompatibilitéit zur Conclusioun, datt datt d' Streck „nëmme kleng Auswierkungen op déi geschützt Gebidder huet“, déi „duerch entspriechend Moossname kompenséiert kënne ginn“. Och fir dëse Streckendeel sinn no der ëffentlecher Consultatioun keng Awänn agereecht ginn.

D'Exploitatioun vun dësem Streckendeel gëtt an déi bestoend Linn T1 integréiert, sou datt d'Ramme vum provisoreschen Terminus Hollerech iwwert d'Gare a Richtung Kierchbierg duerchfuere kënnen. Tëscht der Gare an dem Terminus Hollerech ass eng mëttel Vitess vun 21,46 km/h, eng Fuerzäit vun 3′25″ an en Takt vu 6 bis 8 Minutte virgesinn.

D'Finanzéierungsgesetz fir d'Deelstreck gouf den 23. Mee 2023 an der Chamber deposéiert.

Nei Hollerech - Porte de Hollerich - PE West[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 2030 an 2031 ginn d'Aarbechten un, fir vum provisoreschen Terminus Hollerech aus a Richtung Westen duerch de Quartier Porte de Hollerich, wou zwou Halte virgesi sinn, a weider op den neien, geplangte Pôle d'échanges West ze fueren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luxtram-Linn Luxexpo - Pôle d'échanges West – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "Chamber gibt grünes Licht für Ausbau der Tram." wort.lu, 2024-02-01.
  2. am Projet de loi als K2B a K2C bezeechent
  3. Am Text vum Projet de loi (S. 21) steet: « Ce tronçon sera intégré à la ligne 1 existante en terme d’exploitation. Les rames circuleront ainsi de Laanfur jusqu'au quartier de la Cloche d'Or ». Well d'Linn op der Kaart am PNM2035 awer op Hollerech geet, misst deemno « Cloche d'Or » mat « Hollerich » ersat ginn.
  4. (fr)Pourquoi l'extension du tram se heurte à de fortes résistances. virgule-online (2023-12-08). Gekuckt de(n) 2023-12-08.
  5. (fr)Oppene Bréif vum François Bausch zum Ausbau vum Tram. mmtp.gouvernement.lu (2022-08-29). Gekuckt de(n) 2023-12-08.
  6. 6,0 6,1 (fr)Projet d'extension du tram. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 2023-12-08.
  7. 7,0 7,1 Aarbechtstitel, no der Faarf déi um Plang gebraucht gëtt, cf.: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics: "PNM 2035 - Plan national de mobilité", S. 54 + 56, 22/04/2022
  8. (de)So haben sich die Pläne für die Tram in der Oberstadt geändert. luxemburger-wort-online (2024-03-27). Gekuckt de(n) 2024-03-27.
  9. (de)vdl.lu, Onse Mobilitéitsplang fir muer S. 16. www.vdl.lu (27.03.2024). Gekuckt de(n) 27.03.2024.
  • Quellen, wou net anescht uginn: PNM2035 (S. 53 – 56) a Projet de loi 8224 (kuckt: Um Spaweck)