Parc de Merl

Vu Wikipedia
Parc de Merl
De Märeler Park aus der Loft gesinn
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Hollerech
Koordinaten 49°36'23"N, 6°6'44"O
Fläch 5,42 ha
De Waasserbaseng an de Pavillon no der Renovéierung (2018).

Parc de Merl, op Lëtzebuergesch Märeler Park genannt, ass en ëffentleche Park am Quartier Hollerech vun der Stad Lëtzebuerg.

En huet eng Fläch vu ronn 5 Hektar an huet d'Form vun engem onreegelméissege Fënnefeck. E gëtt am Weste begrenzt duerch de Boulevard Pierre-Dupong am Norden, duerch d'Avenue du Dix-Septembre an d'Avenue Guillaume am Osten an am Süden duerch d'Rue de Bragance.

An der Mëtt vum Park ass e gréissere Bëtongswaasserbaseng op zwéi Niveaue mat engem Sprangbuer dran. Um Waasser an och op rouege Plazen donieft hale sech verschidden Aarte vun Inten op, déi um Waasser a gebauten Ënnerstänn bréien.

Nieft dem Waasserbaseng ass e Pavillon mat enger Terrass, wou een z'iessen an ze drénke kritt. Vun 2016 bis 2018 gouf de Pavillon renovéiert an ausgebaut. Am Abrëll 2018 huet e seng Dieren erëm opgemaach[1].

Am nordwestlechen Deel geet vun engem Sprangbuer aus e klenge Waasserlaf bis bei de Waasserbaseng.

Am nërdlechen Deel vum Park ass eng grouss Spillplaz fir Kanner a Jugendlecher.

De Pavillon[änneren | Quelltext änneren]

De Pavillon virun der Renovatioun (2015).

De Pavillon gouf 1977 no de Pläng vum Architekt Pol Holweck gebaut. Vun 2016 bis 2018 gouf d'Gebai renovéiert an ausgebaut, dat no de Pläng vum Architektebureau Holweck Bingen Architectes[1]. Bei der Renovéierung gouf den urspréngleche Stil aus den 1970er Jore bäibehalen. No Osten hi krut de Pavillon en Niewebau, dee vum Service des parcs vun der Stad Lëtzebuerg benotzt gëtt. Am ganzen huet de Projet 3,3 Milliounen Euro kascht. Déi offiziell Aweiung war den 18. Abrëll 2018[1].

Skulpturen am Park[änneren | Quelltext änneren]

Waasservullen am Park[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun de Joren huet de Waasserbaseng eng Rëtsch Vigel ugezunn déi sech reegelméisseg do ophalen (Referenz: d'Infoschëld beim Baseng):

Verwëldert HausintenStackintenGroräerBlesshéngerWaasserhéngercherNilgänsen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Parc de Merl – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Schartz, N., 2018. Zurück nach 24 Monaten. Der Pavillon im Märeler Park hat seine Türen wieder geöffnet. Luxemburger Wort vum 14./15. Abrëll 2018, S. 27.