Mohammed VI. vu Marokko

Vu Wikipedia
Mohammed VI. vu Marokko
Titelen
Kinnek vu Marokko
Zäit zanter dem 23. Juli 1999
Virgänger Hassan II.
Biographie
Gebuer 21. August 1963
Rabat
Papp Hassan II. vu Marokko
Mamm Lalla Latifa


De Mohammed VI. (Arabesch: محمد السادس بن الحسن Muḥammad as-sādis b. al-Ḥasan), och bekannt als Mohammed Ben Al-Hassan, gebuer den 21. August 1963 zu Rabat, Marokko, ass zanter dem 23. Juli 1999 Kinnek vu Marokko.

Hien ass deen eelste Jong vum Hassan II. an deem senger Haaptfra, der Lalla Latifa Hammou (ar.: للا لطيفة حم ; gebuer 1945 oder 1946), der Mère des enfants royaux, enger Berberin vum Stamm vun de Zaianes. Hien ass den 18. Monarch aus der Dynastie vun den Alawiden.

Hien huet zu Rabat Droit studéiert a mat enger Maîtrise ofgeschloss, an duerno op der Universitéit Nice Sophia-Antipolis iwwer La coopération entre la Communauté Économique Européenne et l'Union du Maghreb Arabe promovéiert.

Den 21. Mäerz 2002 huet hien d'Informatik-Ingenieurin Salma Bennani vu Fez bestuet, déi doduerch d'Prinzessin Lalla Salma gouf. Den 8. Mee 2003 koum de Krounprënz Moulay Hassan op d'Weltm an den 28. Februar 2007 eng Duechter, d'Lalla Khadija.

Nom Arabesche Fréijoer huet hien eng Verfassungsännerung an d'Weeër geleet, déi d'Land vun enger absolutter an eng konstitutionell Monarchie ëmgewandelt hunn. Als Verfechter vun enger moderater Moderniséierung (z. B. a puncto Familljerecht) steet hien am Kontrast zu den islamesch-konservative Kräften a Marokko, absënns den islamesche Fundamentalisten am Land.

De Mohammed VI. léisst sech gär als Roi des pauvres tituléieren, gehéiert awer mat engem geschate Verméige vun zwou Milliarden Euro, a Form vu majoritäre Participatiounen an alle méiglechen ekonomesche Beräicher ë. a. duerch d'Holding ONA Group, zu deene räichste Monarchen op der Welt.

Bedeelegungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mohammed VI. vu Marokko – Biller, Videoen oder Audiodateien