Pius XI.

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Pius XI. (Poopst))
Pius XI.
Gebuertsnumm Achille Ambrogio Damiano Ratti
Gebuer 31. Mee 1857
Desio
Gestuerwen 10. Februar 1939
Vatikanstad
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Educatioun Gregorianesch Peepstlech Universitéit,
Universitéit La Sapienza
Aktivitéit Priister, Bibliothecaire, Alpinist, kathoulesche Bëschof

De Pius XI., gebuer den 31. Mee 1857 zu Desio (Lombardei), a gestuerwen den 10. Februar 1939 zu Roum, biergerlechen Numm Achille Ambrogio Damiano Ratti, war Poopst vun 1922 bis 1939.

Den Theolog Ratti gouf 1879 zum Paschtouer geweit, als dräifach promovéierte Geléierten (Dr. jur. Dr. theol. Dr. phil.) 1882 zum Professer zu Mailand beruff an 1888 Bibliothecaire an der Ambrosiana zu Mailand. Am Joer 1907 gouf hien de Prefekt vun der Ambrosiana, mä gouf awer schonn 1911 vum Poopst Pius X. op Roum geruff. Do gouf hien zunächst Vizeprefekt an 1914 Prefekt vun der Vatikanescher Bibliothéik. Am Joer 1918 huet hien de Poopst Benedikt XV. (obschonn hie keng diplomatesch Erfarung hat) zum Apostolesche Visitator am Regentschaftskinnekräich Polen ernannt, duerno 1919 zum Nuntius zu Warschau an Titular-Äerzbëschof vu Lepanto. D'Bëschofswei war zu Warschau. Als eenzegen akreditéierten Diplomat ass den Nuntius wärend der Belagerung vun der Rouder Arméi am Polnesch-Sowjetesche Krich (1919-1921) an der Haaptstad bliwwen. Doduerch konnt hien e grousse Respekt ënner den Diplomaten an d'Léift vun de Pole gewannen. 1920 gouf de Ratti zousätzlech peepstleche Kommissär fir d'Ofstëmmungsgebidder Uewerschlesien, Ostpreisen a Westpreisen. An där Funktioun huet seng Neutralitéit béid Säite rose gemaach, a sou gouf hien 1921 zeréckgeruff, fir Äerzbëschof vu Mailand ze ginn, a kuerz drop Kardinol mat der Basilika San Martino ai Monti als Titelkierch. Nom iwwerraschenden Doud vum Poopst, gouf de Mailänder Kardinol schonn de 6. Februar 1922 no enger Konklav vu véier Deeg am 14. Walgang zum Poopst gewielt an den 12. Februar 1922 gekréint. Am Konklav stounge sech, wéi sou dacks am Kardinolskollegium an der méi jonker Poopstgeschicht, fromm Äiferer ("zelanti", bes. Merry del Val) an éischter diplomatesch "Politiker" ("politicanti", bes. Pietro Gasparri) géintiwwer. Déi androcksvoll Perséinlechkeet vum Kardinol Ratti konnt béid Säiten iwwerzeegen.

Pontifikat vum Pius XI.[änneren | Quelltext änneren]

Mat senger Untrëttsenzyklika vum 23. Dezember 1922 huet den neie Poopst säi Programm virgestallt: "pax christi in regno christi", Fridde Christi a Christi Räich. Hien huet sech ausdrécklech déi pastoral a politesch Uleies vu senge Virgänger zu eege gemaach, de "soziale Modernismus" verurteelt, a positiv Leetlinne fir eng friddfäerteg Gesellschaftsuerdnung um Fundament vun der kathoulescher Relioun entwéckelt.

Ënner dem Pius XI. ass d'Léisung vun der sougenannter "Réimescher Fro" no der Souveränitéit vum Kierchestaat gelongen. Den 11. Februar 1929 huet hie mam Benito Mussolini d'Lateranverträg ofgeschloss, duerch déi d'Vatikanstad d'Onofhängegkeet krut. Ausserdeem gouf an de Lateranverträg och de Katholizismus zur Staatsrelioun erkläert (bis 1984), de Reliounsunterrecht war obligatoresch an eng antikierchlech Propaganda verbueden. D'Bezéiungen zu der faschistescher Regierung sinn awer ëmmer méi schlecht ginn. Dëst huet 1931 zu der Verëffentlechung vun der Enzyklika Non abbiamo bisogno gefouert.

De Pius XI. huet vill Konkordater ofgeschloss, an Enzyklike verfaasst, sou z. B. d'Sozialenzyklika Quadragesimo anno (1931), wou hien de Subsidaritéitsprinzip gefuerdert huet.

Säi wichtegst Konkordat ass nieft de Lateranverträg wuel d'Räichskonkordat mam Däitsche Räich vum 10. September 1933. Dacks gëtt dem Pius XI. an och sengem Nofollger Pius XII. virgehäit, si hätte sech net däitlech genuch géint den Nationalsozialismus gestallt. Verdeedeger weisen awer drophin, datt d'Enzyklika Mit brennender Sorge, déi 1937 op Däitsch geschriwwe gouf (lat. Ardente cura; déi an Däitschland a Geheimen huet misse verdeelt ginn) d'nationalsozialistesch Ideologie verurteelt. Dës Enzyklika ass haaptsächlech op de Broch vum Räichskonkordat duerch d'Nationalsozialisten agaangen, déi duerno geplangt Enzyklika Humani Generis Unitas (D'Eenheet vum Mënschegeschlecht; deelweis och als Societatis Unio zitéiert) sollt d'nationalsozialistesch Rassenideologie direkt verurteelen. De Poopst hat säin däitsche Beroder Gustav Gundlach souwéi zwéi weider Jesuitte mat engem Entworf beoptragt.

Graf vum Pius XI.

Et koum allerdéngs net zu enger Verëffentlechung vun der Enzyklika. D'Aarbechten um Text konnten net zu Liefzäite vum Poopst ofgeschloss ginn, an och d'Auswierkunge vun enger Verëffentlechung waren ongewëss. Deeler vum Konzept vun der "verstoppten Enzyklika" goufen allerdéngs spéider vum Pius XII. benotzt, zum Beispill an der Enzyklika Summi pontificatus. Nach 1937 gouf eng weider Enyzklika verëffentlecht, déi de Kommunismus méi däitlech ugegraff huet, a Partei fir dem Franco säi Putsch a Spuenien ergraff huet.

De Pius XI. huet och vill Leit helleggesprach, ë. a. den Albertus Magnus, den Thomas Morus, de Petrus Canisius, de Konrad vu Parzham an den Don Bosco. Ervirzehiewen ass eng staark Veréierung vun der Hl. Thérèse Martin („vum Kand Jesu“; hien huet de Bau vun enger grousser Basilika zu Lisieux ënnerstëtzt). De Pius XI. huet och d'Christuskinneksfest agefouert.

Den ëmfaassend gebilte Poopst war eng autoritär Perséinlechkeet, extreem villsäiteg begaabt, en onermiddlechen Aarbechter, dee seng Entscheedungen dacks eleng getraff huet. Sou huet hie sech ë. a. perséinlech ëm d'Detailer vum Ëmbau vum Vatikanstad an dem peepstleche Summersëtz zu Castel Gandolfo bekëmmert. Déi lescht Liewensjore ware vun engem schmäerzleche Léierprozess begleet, déi vum Pius XI. verlaangt hunn, de Charakter vu legitimer Autoritéit am gesellschaftlechen Zesummeliewen ëmmer méi däitlech vu purem Autoritarismus vu modernen Ideologien z'ënnerscheeden. Sou huet hien d'Hiwendung vun der Kierch zu der Demokratie virbereet, déi säin Nofollger de Pius XII. 1944 explizit formuléiert huet.

Säi Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Mary Ball-Martínez, Die Unterminierung der Katholischen Kirche, Anton Schmid, Durach 1992 (ISBN 3-929170-29-9)
  • Carlo Confalonieri, Pio XI, visto da vicino, 1957 (dt.: Pius XI. Aus der Nähe gesehen, Aschaffenburg (Pattloch) 1958)
  • F. Ritter v. Lama, Papst Pius XI. Sein Leben und Wirken, Augsburg 1930.
  • K.H. Deschner, Die Politik der Päpste im 20. Jahrhundert, Rowohlt-Verlag, 1991.
  • J.R. Grigulevic, Die Päpste des XX. Jahrhunderts, Urania-Verlag Leipzig-Jena-Berlin, 1984.
  • Jean Mathieu-Rosay, Die Päpste im 20. Jahrhundert, Primus Verlag, 2005 (ISBN 3-89678-531-1)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pius XI. – Biller, Videoen oder Audiodateien


Virgänger:
Benedikt XV.
Poopst
1922-1939
Nofollger:
Pius XII.
Virgänger:
Andrea Carlo Ferrari
Äerzbëschof vu Mailand
1921-1922
Nofollger:
Eugenio Tosi