Europäesch Demokratesch Partei
Logo | |
---|---|
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 9. Dezember 2004 |
Parteizentral: | Rue de l'Industrie 4 1000 Bréissel Belsch |
Ausriichtung: | Zentrum |
Fraktioun: | ALDE-Fraktion |
Faarf: | Blo an orange |
Websäit: | www.democrats.eu |
D'Europäesch Demokratesch Partei (EDP; en.: European Democratic Party; fr.: Parti démocrate européen; de.: Europäische Demokratische Partei) ass eng zentristesch politesch Partei op europäeschem Niveau, déi sech fir d'europäesch Integratioun staark mécht. Si ass de 16. Abrëll 2004 initiéiert an den 9. Dezember 2004 offiziell zu Bréissel gegrënnt ginn.[1]
2016 ware 16 regional oder national Parteie Member vun der EDP, dorënner de franséische Mouvement démocrate an d'Baskesch Nationalistesch Partei.
Am Europäesche Parlament hat d'EDP 9 vu 751 Sëtz.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Europäesch Demokratesch Partei – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ tlu.ee: European Demoratic Party (EDP)