Zentrum (Politik)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Zentrismus)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Als politeschen Zentrum, politesch Mëtt oder Zentrismus versteet een de Standpunkt am politesche Spektrum, deen ideologesch tëscht "lénks" a "riets" läit. E setzt eng gewëssen Toleranz an e Wëllen zu engem bestëmmte sozialpolitesche Gläichgewiicht viraus: d'Gesellschaft soll weder ze wäit an déi eng Richtung (Kapitalismus), nach an déi aner Richtung (Kommunismus) tendéieren.

Wou genee déi "Mëtt" ass, a water konkreet Positioune se charakteriséieren, ass awer net kloer definéiert. A Frankräich zum Beispill gëllt de Mouvement démocrate (MoDem) als Partei aus dem politeschen Zentrum, tëscht dem Front national (extreem riets) a Les Républicains (riets bis Mëtt-riets) op där enger Säit, an dem Parti socialiste (Mëtt-lénks bis lénks) an dem Parti communiste français (extreem lénks) op där anerer Säit.