Kommissioun Barroso I

D'Kommissioun Barroso I war de Collège vun Europäesche Kommissären ënner dem President José Manuel Barroso. Si war vum 22. November 2004 bis den 9. Februar 2010 am Amt. Si war d'Nofollgerin vun der Kommissioun Prodi. Si bestoung aus dem President a bis den 31. Dezember 2006 aus 24 Kommissären, wouvunner der 6 Vizepresident waren. Nom Bäitrëtt vu Bulgarien a Rumänien koumen 2 weider Kommissären derbäi.
De Rocco Buttiglione an d'Ingrida Udre, déi ursprénglech virgesi waren, si vum Franco Frattini an Andris Piebalgs ersat ginn, wéi feststoung, datt d'Europäesch Parlament staark Reserve géint déi zwéin hat, a bei engem Vott dem Barroso senger Kommissioun d'Vertrauen net (oder nëmme ganz knapps) gestëmmt hätt. Och de László Kovács krut en anere Portefeuille, well e bei den 'Hearingen' am Parlament vill Deputéiert net vu senge Kompetenzen a Saachen Energie iwwerzeege konnt. D'Parlament huet déi ëmgeännert Ekipp den 18. November 2004 guttgeheescht, soudatt se offiziell den 22. November hir Aarbecht ophuele konnt.
D'Ekipp vum José Manuel Barroso
[änneren | Quelltext änneren]| Ressort | Kommissär/-in | Memberstaat | national Partei | europäesch Partei | Foto |
|---|---|---|---|---|---|
| President | José Manuel Barroso | PSD | EVP | ||
| Vizepresidentin; Bezéiungen zum Parlament, Ëffentlechkeetsaarbecht |
Margot Wallström | SAP | SPE | ||
| Vizepresident; Industrie- und Entreprisëpolitik |
Günther Verheugen | SPD | SPE | ||
| Vizepresident Verkéier an Transport |
Jacques Barrot (bis den 8. Mee 2008) | UMP | EVP | ||
| Antonio Tajani (vum 8. Mee 2008 un) | PdL | EVP | |||
| Vizepresident; Administratioun, Comptabilitéit a Korruptiounsbekämpfung |
Siim Kallas | ERP | ELDR | ||
| Vizepresident Justiz a Bannenzeg Affären |
Franco Frattini (bis den 23. August 2008) | Forza Italia | EVP | ||
| Jacques Barrot (vum 23. August 2008 un) | UMP | EVP | |||
| Informatiounsgesellschaft a Mediepolitik | Viviane Reding | CSV | EVP | ||
| Ëmwelt | Stavros Dimas | ND | EVP | ||
| Wirtschaft und Wärungsfroen | Joaquín Almunia | PSOE | SPE | ||
| Regionalpolitik | Danuta Hübner (bis den 13. Juli 2009) | keng | keng | ||
| Paweł Samecki (vum 13. Juli 2009 un) | keng | keng | |||
| Fëscherei an Navigatioun | Tonio Borg | PN | EVP | ||
| Budget | Dalia Grybauskaitė (bis den 1. Juli 2009) | keng | keng | ||
| Algirdas Šemeta (vum 1. Juli 2009 un) | keng | keng | |||
| Fuerschung | Janez Potočnik | LDS (steet hir no) | ELDR (steet hir no) | ||
| Bildung a Kultur | Ján Figeľ (bis Oktober 2009) | KDH | EVP | ||
| Maroš Šefčovič (vun Oktober 2009 un) | SMER (steet hir no) | SPE (steet hir no) | |||
| Gesondheet | Márkos Kyprianoú (bis den 9. Abrëll 2008) | DK | ELDR | ||
| Androulla Vassiliou (vum 9. Abrëll 2008 un) | EDI | ELDR | |||
| Erweiderung | Olli Rehn | Keskusta | ELDR | ||
| Entwécklungspolitik an humanitär Hëllef | Louis Michel (bis de 17. September 2009) | Mouvement réformateur | ELDR | ||
| Karel De Gucht (vum 17. September 2009 un) | Open VLD | ELDR | |||
| Steieren an Douanesunioun | László Kovács | MSZP | SPE | ||
| Konkurrenz | Neelie Kroes | VVD | ELDR | ||
| Landwirtschaft | Mariann Fischer Boel | Venstre | ELDR | ||
| Aussebezéiungen an europäesch Noperschaftspolitik | Benita Ferrero-Waldner | ÖVP | EVP | ||
| Bannemaart a Servicer | Charlie McCreevey | FF | ELDR | ||
| Aarbecht a Soziales | Vladimír Špidla | CSSD (steet hir no) | SPE (steet hir no) | ||
| Handel | Peter Mandelson (vum 3. Oktober 2008 un) | Labour | SPE | ||
| Catherine Ashton (vum 3. Oktober 2008 un) | Labour | SPE | |||
| Energie | Andris Piebalgs | LC | ELDR | ||
| Konsumenteschutz (koum den 1. Januar 2007 bäi) |
Meglena Kuneva | NDSV | ELDR | ![]() | |
| Multilinguismus (koum den 1. Januar 2007 bäi) |
Leonard Orban | keng | keng |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kommissioun Barroso I – Biller, Videoen oder Audiodateien |
