Margot Wallström

Vu Wikipedia
Margot Wallström
Gebuer 28. September 1954
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Politiker
Partei SAP

D'Margot Elisabeth Wallström gebuer den 28. September 1954, ass eng schweedesch Politikerin (Sozialdemokraten). Si ass zënter dem 3. Oktober 2014 Ausseministesch vun hirem Land an der Regierung Löfven.

Si war Deputéiert am schweedesche Parlament a vun 1988 bis 1993 Ministesch fir Konsumenteschutz, Fraen a Jugend, vun 1994 bis 1996 fir Kultur an duerno bis 1998 fir Soziales. Si war ausserdeem Presidentin vun engem privaten Televisiounssender a Schweden a Vizepresidentin vun engem zu Colombo (Sri Lanka).

Vun 1999 bis 2004 war si an der Europäescher Kommissioun ënner dem President Romano Prodi fir den Dossier Ëmwelt zoustänneg, a vun 2004-2010 war si, ënner der Presidence vum José Manuel Barroso, Vizepresidentin vun der Kommissioun, zoustänneg fir Institutiounen a Kommunikatiounsstrategie.

D'Margot Wallström ass bestuet an huet zwee Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Margot Wallström – Biller, Videoen oder Audiodateien