Colombo
![]() |
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Colombo | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Land | Sri Lanka |
Awunner | 647.557 |
2025 | |
Fläch | 37.321.728 m² |
Héicht | 1 m |
Koordinaten | 6°55'N, 79°50'O |
Telefonszon | 011 |
Postcode | 00000–09999 |
Websäit | http://www.cmc.lk/ |
![]() | |
![]() | |
Colombo ass de facto d'Haaptstad vu Sri Lanka; de jure ass Sri Jayawardenepura Kotte d'Haaptstad an de Regierungssëtz.
Déi gënschteg Lag op enger Hallefinsel an e geschützten Naturhafen hunn dat fréier klengt Fëscherduerf zu engem renomméierten Handelshafe gemaach.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Colombo läit op der Westküst vun der Insel um 7. Breeten- an 80. Längegrad.
Populatioun
[änneren | Quelltext änneren]Colombo huet 647.557 Awunner.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Colombo ass zënter dem 5. Joerhonnert als Hafestad bekannt a war ë. a. eng Tëschestatioun fir réimesch, arabesch a chineesesch Händler. Vum 8. Joerhonnert un hunn sech muslimesch Händler do néiergelooss.
Am 16. Joerhonnert hunn d'Portugisen eng Rëtsch Küstegebidder vu Sri Lanka a Besëtz geholl, dorënner Colombo mat sengem Hafen. Duerno stoung Colombo ënnert der Kontroll vun den Hollänner an de Britten. 1802 gouf et eng brittesch Krounkolonie a Colombo d'Haaptstad.
No der Onofhängegkeet vu Sri Lanka am Joer 1948 ass Colombo d'Haaptstad bliwwen. 1982 ass de Regierungssëtz awer op Sri Jayawardenepura Kotte am Südoste vu Colombo verluecht ginn.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Bekannt Leit vu Colombo (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt: (de) Persönlichkeiten
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Colombo – Biller, Videoen oder Audiodateien |