Dalia Grybauskaitė

Vu Wikipedia
Dalia Grybauskaitė
Gebuer 1. Mäerz 1956
Vilnius
Nationalitéit Litauen
Educatioun Georgetown University
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Ekonomist, Universitéitsprofesser
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

D'Dalia Grybauskaitė [ daˈljɛ griːbausˈkaiteː ], gebuer den 1. Mäerz 1956 zu Vilnius, ass eng litauesch Politikerin. Si war vu Juli 2009 bis Juli 2019 Presidentin vun hirem Land.

D'Dalia Grybuskaitė huet en Doktorat an Ekonomie an huet no der Onofhängegkeet vun hirem Land am diplomateschen Déngscht geschafft. Tëscht 1999 an 2004 war si noeneen Delegéiert Finanzministesch, Delegéiert Ausseministesch a Finanzministesch (2001-2004).

2004-2009 war si Member vun der Europäescher Kommissioun ënner der Presidentschaft vum José Manuel Barroso, wou si fir d'Finanzen an de Budget zoustänneg war. 2009 war si Kandidatin fir Presidentin vu Litauen ze ginn a gouf am Mee 2009 mat 69 % vun de Stëmmen am éischten Tour gewielt.[1] Am Juli 2009 huet si d'Nofolleg vum Valdas Adamkus ugetrueden, deen no zwee Mandater net méi kandidéiere konnt.

De 25. Mee 2014 gouf si bei de Presidentewalen an hiert Amt erëmgewielt. Bei de Walen de 26. Mee 2019 huet si, no zwou Amtszäiten, net méi dierfe kandidéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dalia Grybauskaitė – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Resultater op der Websäit vun der litauescher Walkommissioun.