Op den Inhalt sprangen

Algirdas Brazauskas

Vu Wikipedia
Algirdas Brazauskas
Funktioun
4. President vu Litauen
25. November 1992 - 25. Februar 1998
Virgänger Vytautas Landsbergis
Nofollger Valdas Adamkus
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun,
Kommunistesch Partei,
Demokratesch Aarbechterpartei,
Sozialdemokratesch Partei
Biographie
Gebuer 22. September 1932
Rokiškis
Gestuerwen 26. Juni 2010
Vilnius
Doudesursaach béisaartege Lymphom
Nationalitéit UdSSR, Litauen
Educatioun Technesch Universitéi Kaunas
Gielercher Dräi-Stären-Uerden 1. Klass, Grand-croix de la Légion d'honneur, Elefanten-Uerden, Grand-croix vum Erléiser-Uerden, Kinnekleche Seraphinenuerden, Légion d'honneur, Uerde vum Infant Dom Henrique
Bestuet mat Kristina Brazauskienė

Den Algirdas Mykolas Brazauskas, gebuer den 22. September 1932 zu Rokiškis a gestuerwen de 26. Juni 2010 zu Vilnius, war e litauesche Politiker. Hie war vun 1992 bis 1998 Staatspresident vu Litauen, an duerno vun 2001 bis 2006 Premierminister.

Den Algirdas Brazauskas huet um Polytechneschen Institut vu Kaunas Hydrotechnuk studéiert a gouf 1956 Beamten a Parteifonctionnaire an der Litauescher Sozialistescher Sowjetrepublik, resp. der Kommunistescher Partei vu Litauen.

1988 gouf en Éischte Sekretär vun der litauescher KP. Ënner senger Féierung huet d'Kommunistesch Partei vu Litaue sech an Demokratesch Aarbechterpartei vu Litauen ëmbenannt a sech vu Moskau distanzéiert.

No der Onofhängegkeet vum Land gouf de Brazauskas, bei de Parlamentswale vum 25. Oktober 1992, zum President vum litauesche Parlament gewielt a sou de 25. November Staatspresident ad interim. De 14. Februar 1993 gouf e mat 60,2 % vun de Stëmmen an der allgemenger Wal zum Staatspresident gewielt.

Tëscht 2001 an 2006 war hien nach eng Kéier Premierminister.

Hien ass bis 2007 Leader vun der Sozialdemokratescher Aarbechterpartei bliwwen an ass 2010 am Alter vu 77 Joren u Kriibs gestuerwen. Zum Zäitpunkt vu sengem Doud huet hien nach als aflossräiche Politiker am Land gegollt.[1],[2]

 Commons: Algirdas Brazauskas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. BBC: First post-Soviet Lithuanian President Brazauskas dies (27. Juni 2010)
  2. The Telegraph: Algirdas Brazauskas Orbituary (27. Juni 2010)