Gitanas Nausėda

Vu Wikipedia
Gitanas Nausėda
Gebuer 19. Mee 1964
Klaipėda
Nationalitéit Litauen
Educatioun Universitéit Vilnius,
Universitéit Mannheim
Aktivitéit Ekonomist, Universitéitsprofesser, Politiker
Partei Onofhängeg

De Gitanas Nausėda, gebuer den 19. Mee 1964[1] zu Klaipėda, ass e litaueschen Ekonomist, Politiker a fréiere Professer vun der Universitéit Vilnius. Hie gouf de 26. Mee 2019 zum President vu Litauen gewielt.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1982 bis 1987 huet den Nausėda zu Vilnius op der Fakultéit fir industriell Wirtschaftswëssenschafte studéiert an duerno bis 1989 op der Fakultéit fir Wirtschaftswëssenschaften. Tëscht 1990 an 1992 huet hien zu Mannheim studéiert. Nodeems hien 1993 säin Doktorat an de soziale Wëssenschaften zu Vilnius gemaach huet, huet hie bei der litauescher Zentralbank geschafft. 1996 ass hien Direkter vum Departement fir Geldpolitik ginn an 1999 Member am Verwaltungsrot vun der Zentralbank. 2002 ass hie Chefekonomist a Beroder bei der privater AB Vilniaus Bankas ginn.[2]

Vun 1987 bis 2004 war hie Lektor an dono Dozent op der Universitéit Vilnius an huet eng sëllege Publikatioune verëffentlecht.[2][3] Vun 1993 bis 1996 huet hien an der Dageszeitung Lietuvos rytas Artikelen iwwer Wirtschaftstheme publizéiert.[3] Zanter 2010 war hie Professer op der Héichschoul fir Mikroekonomie zu Vilnius.[3]

Bei der Presidentschaftswal 2019 huet hien am 2. Tour mat 66% vun de Stëmme géint d'Ingrida Šimonytė gewonnen.[4] Den Nausėda ass parteilos a gëllt als moderat, pro-europäesch a pro-NATO.[5]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gitanas Nausėda – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Profil vum Gitanas Nausėda op der Websäit vun der zentraler Walkommissioun vun der Republik Litauen: [1] (gekuckt den 13. Juni 2019)
  2. 2,0 2,1 XII PASAULIO LIETUVIØMOKSLO IR KÛRYBOSSIMPOZIUMASÈikaga, 2003 m. geguþës 21–25 d.Teziø rinkinys, Kuerzbiographie op Englesch, Säit 202
  3. 3,0 3,1 3,2 delfi.lt: G.Nausėda: pigesnės elektros už pagamintą AE žmonija kol kas nesugalvojo (14. November 2012)
  4. Site vun der zentraler Walkommissioun vun der Republik Litauen: 2019 m. gegužės 26 d. Respublikos Prezidento rinkimai (II turas) (2019 Mee 26 Presidentschaftswalen (Ronn II)) (gekuckt den 13. Juni 2019)
  5. dw.com: Politikneuling Nauseda wird Staatschef in Litauen (26. Mee 2019)