Op den Inhalt sprangen

Kaja Kallas

Vu Wikipedia
Kaja Kallas
Gebuer 18. Juni 1977
Tallinn
Nationalitéit Estland
Educatioun Universitéit vun Tartu
Aktivitéit Politikerin, Affekotin, Juristin, Diplomatin
Partei Estnesch Reformpartei
Fonctioun Europadeputéiert, Deputéiert am Riigikogu, Premierministesch vun Estland
Famill
Bestuet mat Arvo Hallik (2018–),
Taavi Veskimägi (2011–2014),
Roomet Leiger (2003–2006)
Papp Siim Kallas
Mamm Kristi Kallas
Websäit https://kajakallas.ee/

D'Kaja Kallas, gebuer den 18. Juni 1977 zu Tallinn, ass eng estnesch Politikerin (Eesti Reformierakond - "Estnesch Reformpartei"). Si ass zanter dem 1. Dezember 2024 Héich Vertriederin fir Aussen- a Sécherheetspolitik vun der EU a Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun bannent der Kommissioun von der Leyen II.[1]

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

D'Kaja Kallas huet op der Universitéit vun Tartu Droit studéiert a gouf 1999 Member vum estnesche Barreau. Ausserdeem war si an den Direktiouns- an Opsiichtsréit vu verschiddene Firmen, déi sech ëm erneierbar Energië këmmeren. Vun 2011 bis 2014 war si Deputéiert am Riigikogu, dem estnesche Parlament, a vun 2014 bis 2018 am Europäesche Parlament. 2018 gouf si Presidentin vun hirer Partei.

Am Mäerz 2019 huet d'ER d'Parlamentswalen an Estland gewonnen. Et war der Kaja Kallas awer net méiglech, eng Koalitiounsregieurng op d'Been ze stellen, sou datt de Jüri Ratas, dee scho virdru Premierminister war, de 17. Abrëll 2019 vum Parlament a sengem Amt confirméiert gouf. Nom Récktrëtt vun hirem Virgänger Jüri Ratas, den 13. Januar 2021, fir d'politesch Responsabilitéit fir eng Korruptiounsaffär bei Regierungsmemberen z'iwwerhuelen, gouf si knapps zwou Wochen drop als nei Premierministesch vereedegt.

Am Juni 2024 gouf si vum Europäesche Conseil designéiert, vun Dezember 2024 un neie Representant fir Aussebezéiunge vun der EU ze ginn. De Kristen Michal gouf den 23. Juni 2024 hiren Nofollger als Premierminster.

D'Kaja Kallas ass d'Duechter vum fréieren estnesche Ministerpresident an EU-Kommissär Siim Kallas.

 Commons: Kaja Kallas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Von der Leyen verkündet ihre Vorschläge für die EU-Kommission. tagesschau.d4e, 17.09.2024.