Andrus Ansip

Vu Wikipedia
Andrus Ansip
Gebuer 1. Oktober 1956
Nationalitéit Estland
Educatioun Universitéit vun Tartu,
York University
Aktivitéit Politiker, Chimist, Entreprener, Geschäftspersoun
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

Den Andrus Ansip, gebuer den 1. Oktober 1956 zu Tartu, ass en estesche Politiker an zanter dem 1. November 2014 Member a Vizepresident an der Europäescher Kommissioun ënner der Presidence vum Jean-Claude Juncker, responsabel fir den Digitale Maart.

Hie war vum 13. Abrëll 2005 bis den 3. Mäerz 2014 Premierminister an Estland an zanter 2004 President vun der Reformpartei (Reformierakond). 2007 an 2011 gouf hine a senger Funktioun als Premier confirméiert.

Virdru war hien ënner dem Premier Juhan Parts, sengem Virgänger, vun 2004 bis 2005 Minister fir Ekonomie a Kommunikatioun. 2014 ass hien zeréckgetrueden, nodeem eng vun de Koalitiounsparteien an der Regierung duerch eng aner ersat gi war.

Den Ansip ass vun Haus aus e Cheemiker. Vun 1998 bis 2004 war hie Buergermeeschter vu senger Heemechtsstad Tartu. Virun 1991 war hien e prominente Member vun der kommunistescher Partei zu Tartu.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Andrus Ansip – Biller, Videoen oder Audiodateien