Mihai Tudose

Vu Wikipedia
Mihai Tudose
Gebuer 6. Mäerz 1967
Brăila
Nationalitéit Rumänien
Aktivitéit Politiker, Jurist

De Mihai Tudose, gebuer de 6. Mäerz 1967 zu Brăila, ass e rumänesche Politiker. Hie war vum 29. Juni 2017 bis de 15. Januar 2018 Ministerpresident vu Rumänien.

De Mihai Tudose huet vun 1991 bis 1995 Droit an Administrativ Gestioun op der Universitatea Creștină Dimitrie Cantemir studéiert.

Hien ass zanter 1992 Member vun der Sozialmdemokratescher Partei (Partidul Social Democrat, PSD - virdrun PSDR). 2000 gouf hie fir dës Partei als Deputéierten an d'rumänescht Parlament gewielt. Hie war vum 17. Dezember 2014 bis de 4. November 2015 Wirtschaftsminister an der Regierung vum Victor Ponta, a vu Februar 2017 bis Juni 2017 an där vum Sorin Grindeanu.

Den 29. Juni 2017 gouf hien zum Grindeanu sengem Nofollger als Ministerpresident gewielt. Knapps siwe Méint drop huet hie missen zerécktrieden, well seng Koalitioun ausenanergebrach war.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Infrastructura critică. Model şi strategie managerială. Bukarest: RAO, 2010.
  • Securitatea economică în era transformărilor globale. Bukarest: RAO, 2013.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]