Rumänesche Leu

Vu Wikipedia

De Rumänesche Leu oder och einfach Leu; Méizuel: Lei (ISO 4217-Code = RON) ass zanter dem 22. Abrëll 1867 déi offiziell Wärung vu Rumänien.

1 Leu ass an 100 Bani ënnerdeelt. Ban heescht "Geldstéck" oder och "Suen".

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Leu gouf den 22. Abrëll 1867 offiziell als Wärung agefouert. D'Wärung gouf 1878 vum Russesche Rubel verdrängt. Doropshin huet Rumänien 1889 eng Goldwärung agefouert.

Nodeems de Leu an de Jore virdru staark u Wäert verluer hat, an et eng héich Inflatioun gouf, huet d'Rumänesch Zentralbank den 1. Juli 2005 den "neien" Rumänesche Leu agefouert. Bei dësem goufe 4 Nulle par rapport zum "alen" ewech gelooss (10.000 al Lei enttspriechen 1 neie Leu).

Mënzen am Ëmlaf[änneren | Quelltext änneren]

Nennwäert Bild Material Gewiicht Duerchmiesser Déckt Erauskomm
1 Ban Stol mat Messeng iwwerzunn 2,4 g 16,75 mm 1,6 mm 1. Juli 2005
5 Bani Stol mat Koffer iwwerzunn 2,78 g 18,25 mm 1,6 mm 1. Juli 2005
10 Bani Stol mat Néckel iwwerzunn 4,0 g 20,5 mm 1,8 mm 1. Juli 2005
50 Bani Néckelbronze
80 % Cu, 15 % Zn, 5 % Ni
6,1 g 23,75 mm 1,9 mm 1. Juli 2005

Billjeeën am Ëmlaf[änneren | Quelltext änneren]

Nennwäert Bild Portrait Gréisst
1 Leu Nicolae Iorga 120 × 62 mm
5 Lei George Enescu 127 × 67 mm
10 Lei Nicolae Grigorescu 134 × 72 mm
20 Lei Ecaterina Teodoroiu 136 × 77 mm
50 Lei Aurel Vlaicu 140 × 77 mm
100 Lei Ion Luca Caragiale 147 × 82 mm
200 Lei Lucian Blaga 150 × 82 mm
500 Lei Mihai Eminescu 153 × 82 mm

D'Billjeeë sinn aus Polymer. Rumänien war 2005 dat éischt Land an Europa, dat dëst Material fir seng Billjeeë geholl huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rumänesche Leu – Biller, Videoen oder Audiodateien