Projektiounsmodell

Vu Wikipedia

Eng Landkaart ass ëmmer d'Projektioun vun der Äerdkugel op eng flaach Fläch. Dat ass net sou einfach, well een eng Kugel net kann opdiebele wéi zum Beispill e Wierfel.

Fir eng Kugel op eng flaach Fläch ze kréien, gi verschidde Kaarteprojektiounsmodeller benotzt. Et si méi wéi 200 verschidde Projektiounsmethode bekannt, an all Projektiounsmethod huet seng Vir- an Nodeeler.

Déi bekanntst Modeller sinn:

Zylinderprojektioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Mercatorprojektioun ass déi bekanntst Zylinderprojektioun

Bei der Zylinderprojektioun gëtt d'Uewerfläch vun der Äerd op ee groussen Zylinder projezéiert, deen de selwechten Duerchmiesser wéi d'Äerd huet. Déi bekanntst Zylinderprojektioun ass d'Mercatorprojektioun, déi vum Gerhard Mercator erfonnt gouf. D'Resultat vu sou enger Projektioun ass:

Eng Projektioun vun der Welt nom Mercator-Modell

D'Nodeeler vun dësem Projektiounsmodell sinn, datt d'Verzerrungen an der Polgéigend enorm sinn. Den Nord- an de Südpol gëtt iwwer déi ganz Kaart verzerrt, an dofir gëtt déi Projektiounsmethod guer net fir d'Pole benotzt.

Azimuthalprojektioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Azimuthalprojektioun

D'Azimuthal- oder Orthogonalprojektioun gëtt haaptsächlech fir Projektioune vun de Polgéigende benotzt. D'Resultat vu sou enger Projektioun ass:

D'Aziumuthalprojektioun vum Nordpol

D'Nodeeler vun deem Projektiounsmodell sinn, datt den Ausschnëtt, dee projezéiert ka ginn ëmmer zimmlech kleng ass.

Kegelprojektioun[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Kegelprojektioun gëtt d'Iwwerfläch vun der Äerd op ee grousse Kegel projezéiert. D'Kegelprojektioun, sou wéi och d'Zylinderprojektioun, gëtt zimmlech gutt Resultater mat relativ wéineg Verzerrung. De brauchbaren Ausschnëtt ass awer méi kleng bei der Kegelprojektioun wéi bei der Zylinderprojektioun. Déi bekanntst Kegelprojektioun ass d'Lambertprojektioun, déi vum Johann Heinrich Lambert 1772 erfonnt ginn ass. D'Resultat vu sou enger Projektioun ass:

D'Kegelprojektioun

De groussen Nodeel vun deem Projektiounsmodell ass, datt ee keng rechteckech Kaart huet, an datt domat de Gebrauch vun engem kartheseche Koordinatesystem zimmlech komplizéiert gëtt.

UTM Projektioun[änneren | Quelltext änneren]

D'UTM-projektioun

D'UTM Projektioun (Universal Transverse Mercator) oder och nach Gauss-Projektioun genannt, ass eng verbessert Mercator-Projektioun. Amplaz den Zylinder vertikal ronderëm d'Äerd ze leeën, gëtt den Zylinder elo horizontal ronderëm d'Äerd geluecht. Den Zylinder beréiert d'Äerd also net méi um Equator, wéi bei der Mercator-Projektioun, mä op engem bestëmmte Längtegrad.

Amplaz elo eng Weltkaart ze maachen, duerch d'Projektioun op een eenzegen Zylinder, gëtt elo op 60 verschidden Zylinderen projezéiert, an et ginn ëmmer nëmme 6 Grad vun der projezéierter Fläch gehalen, dat heescht 3 Grad westlech vum Längtegrad deen den Zylinder beréiert, an 3 Grad ëstlech vum Längtegrad. Doduerch ginn d'Deformatioune ganz kleng.

Zanter 1954 gëtt d'UTM-Projektioun an den UTM-Koordinatesystem vun den Arméie vun der NATO benotzt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Map projections – Biller, Videoen oder Audiodateien