Optesch Täuschung

Vu Wikipedia
De Quadrat A huet genee de selwechte Grotoun wéi de B (Beweis)
Et schéngt wéi wa schwaarz Flecke géifen opdauchen.
Déi gro Barre huet iwwerall de selwechte Faarftoun.
De Penrose-Dräieck. Eng dräidimensional Figur, déi et net ka ginn.

Eng Optesch Täuschung (oder optesch Illusioun) ass eng Illusioun, déi de mënnschleche visuelle System an d'Ier féiert, mat dem Resultat, datt een eng deforméiert Perzeptioun vun der Realitéit huet.

Et gëtt allgemeng dräi 'Feelerquellen':

  1. reng optesch Täuschung, déi duerch d'Proprietéite vum Liicht entstinn, z. B. Mengen, datt d'Sonn owes rout ass.
  2. physiologesch Täuschungen, déi op d'Eegeschafte vum mënschlechen A zeréckzeféiere sinn. Beispill: En "No-Bild" op der Netzhaut, oder de Faarweraster vun enger Televisioun, deen op 3 Faarwe baséiert, mä den Androck gëtt, wéi wann et vill verschidde Faarwe wieren.
  3. psychologesch Täuschungen, woubäi d'Gehir d'Informatiounen, déi et kritt, falsch interpretéiert. Beispiller sinn 'onméiglech Figuren' (dräidimensional Objeten, déi et sou net ka ginn, Tableauë vum M. C. Escher,...).