M. C. Escher

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
M. C. Escher
Maurits Cornelis Escher.jpg
Gebuer 17. Juni 1898
Leeuwarden
Gestuerwen 27. Mäerz 1972
Hilversum
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Graveur, Illustrateur, Moler
Mamm Sara Adriana Gleichman
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Maurits Cornelis Escher, méi bekannt als M. C. Escher; gebuer de 17. Juni 1898 zu Leeuwarden, an der Provënz Friesland, a gestuerwen de 27. Mäerz 1972 zu Hilversum, an der Provënz Nordholland, war en hollännesche Kënschtler a Grafiker, dee virun allem fir seng Zeechnunge vu, onméigleche Figure bekannt gouf.

Hien huet ufanks mediterran Landschaftsbiller gemoolt, mat deenen hien an den 1930er Joren an Holland Succès hat. E Besuch an der Alhambra 1936 huet seng Sujete geännert, déi sech ewell ëm graduell Ännerungen an engem Muster gedréint hunn (an déi hie Metamorphose genannt huet; bekannt ass z. B. Tag und Nacht vun 1938). 1937 ass en op Uccle/Ukkel bei Bréissel geplënnert, wou en ugefaangen huet mat Parkettéierung (d'Opfëlle vu Flächen) z'experimentéieren.

Nom däitschen Iwwerfall op d'Belsch ass e mat senger Famill hannescht an Holland, op Baarn, wunne gaangen. Nom Krich huet den Escher d'Mezzotintotechnik geléiert an huet mat senger Serie vu perspektivesche Biller ugefaangen z. B. (Oben und Unten 1947). Seng Zeechnungen hu sech gutt als Lithographië verkaaft, absënns, vun 1950 un , an den USA. 1954 hat hien am Stedelijk Museum zu Amsterdam eng Eenzelausstellung, zur selwechter Zäit, wéi do och e Mathematiker-Kongress war.

Déi zwou lescht Ausstellungen zu Liefzäite waren 1969 am Rheinische Landesmuseum Bonn an an der Kunsthalle Bern.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Grafik[änneren | Quelltext änneren]

Den M. C. Escher huet virun allem Grafike geschaaft, a war Meeschter an den Technike vum Holzschnëtt, vum Holzstéch an der Lithografie.

Onméiglech Figuren[änneren | Quelltext änneren]

Onméiglech Këscht aus Laten

Seng bekanntste Wierker sinn déi, op deene perspektivesch onméiglech Biller, oder och optesch Täuschungen ze gesi sinn (z. B. eng Trap 'ouni Enn', déi an engem véiereckegen Tuerm um selwechte Stack ukënnt, wéi op deem wou se fortgeet; nom selwechte Prinzip wéi de Penrose-Dräieck). Och bekannt ass Drawing Hands (1948) zwou Hänn, déi sech géigesäiteg zeechnen.

Metamorphosen[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Ornamental-Konscht vun de mauresche Majolika inspiréiert sinn dem Escher seng Biller Metamorphose I bis Metamorphose III an anerer, bei där reegelméisseg Mustere vu Parekttéierung sech no an no änneren, an an eppes anescht verwandelen.

Soss Themen[änneren | Quelltext änneren]

Aner Theme beim Escher si Möbiusbänner, Kristallformen, Spigelungen, optesch Verzerrungen, Fraktalen an de Rapprochement un d'Onendlechkeet. Bekannt ass en Eegeportrait an der Spigelung vun enger gliesener Bull.

Receptioun[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt e puer Metamorphose-Wandmolereien am ëffentleche Raum: eng fir d'Haaptpost zu Den Haag, déi haut am Fluchhafe Schiphol ass, an eng zu Madrid; weider huet hien e Sailenensembel fir eng Schoul an eng Béchs fir Kichelcher a Form vun engem Dodekaeder entworf.

Well seng Sujeten an Ausdrocksformen net an déi gängeg Konschtrichtungen anzekategoriséiere sinn, huet d'Konschtkritik sech laang schwéier dermat gedoen, wéi en ze beuerteele wier. Do dergéint hu Wëssenschaftler a Mathematiker seng Wierker staark appreciéiert - och wann den Escher selwer sot, hie géif näischt vu Mathematik verstoen.

Och bei Esoteriker an an der Popkultur vum 20. Joerhonnert war hie beléift; seng Biller gouf et als Poster an als Plackecoveren.

2002 gouf am fréiere Palais vun der Kinnigin Emma zu Den Haag en Escher-Musée etabléiert, wou nieft Grafiken och Privatfotoen an Aarbechtsskizzen ze gesi sinn.

2006 gouf den Asteroid (4444) Escher no him genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Douglas R. Hofstadter: Gödel, Escher, Bach – ein Endloses Geflochtenes Band. Klett-Cotta, Stuttgart 1985. ISBN 3-608-93037-X.
  • Maurits C. Escher (Ill.), Johannes L. Locher (Hrsg.), Bruno Ernst, Sven Becker (Bearb.): Leben und Werk M. C. Escher. RVG Interbook, Remseck bei Stuttgart 1994, ISBN 3-88102-064-0. (Gesamtverzeichnis des grafischen Werks)
  • J. L. Locher, Broos, Escher, G. W. Locher, Coxeter, Weitzel: Die Welten des M. C. Escher. 1971. Pawlak Verlag, Herrsching 1973.
  • Bruno Ernst: Magic Mirror. Der Zauberspiegel des M. C. Escher. Taschen Verlag, Oktober 2009, ISBN 978-3-8228-3706-1.
  • Maurits C. Escher, P. Terpstra: M. C. Escher. Mit einer Einleitung und Bilderläuterungen des Künstlers und einem wissenschaftlichen Kommentar von P. Terpstra. Verlag Heinz Moos, Heidelberg 1962.
  • L. J. F. Wijsenbeek, J. L. Locher, C. H. A. Broos: M. C. Escher. Overzichtstentoonstelling in het Haags Gementemuseum ter ere van zijn 70ste verjaardag 8 Juni – 21 Juli 1968. (Übersichts-Ausstellung im Gemeindemuseum den Haag zu Ehren seines 70. Geburtstags). Verlag J. J. Zijl, Zwolle 1968.
  • Doris Schattschneider, Wallace Walker: M. C. Escher Kaleidozyklen (Vorlagen und Anleitungen zur Herstellung von dreidimensionalen Objekten). Taco Verlagsgesellschaft, Berlin 1987, ISBN 3-89268-013-2.
  • M. C. Escher: Graphik und Zeichnungen. Verlag Benedikt Taschen, Berlin 1991, ISBN 3-89450-276-2.
  • M. C. Escher: Escher on Escher. Exploring the infinite. With a contribution by J. W. Vermeulen. (Englische Übersetzung von Het oneindige, M. C. Escher over eigen Werk). Verlag Abrams, New York 1989. ISBN 978-0-8109-2414-7
  • F. H. Bool, J. R. Kist, J. L. Locher, F. Wierda: M. C. Escher, his life and his complete graphic work. Verlag H. N. Abrams, New York.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maurits Cornelis Escher – Biller, Videoen oder Audiodateien