Provënz Friesland

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Holland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Provënz Friesland
Basisdaten
Land Holland
Haaptstad Leeuwarden
Flaach


Total: 5.753 km²
Land: 3.340 km²
Waasser: 2.413 km²

Awunner 660.000 (2023)
Bevëlkerungsdicht 197/km² Land
Reliounen Protestantesch: 35 %
Kathoulesch: 7 %
Islamesch: 1 %
ISO 3166-2 NL - FR
Websäit Provënz Friesland
Lag

D'Provënz Friesland (Westfrisesch: Fryslân) ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen a läit am Norde vum Land. Déi offiziell Sprooche sinn Hollännesch a Friesesch.

D'Haaptstad ass Leeuwarden (Friesesch: Ljouwert).

D'Provënz Friesland grenzt am Osten un d'Provënze Groningen an Drenthe, am Süden un d'Provënzen Overijssell a Flevoland, am Südwesten un d'IJsselmeer, am Westen an am Norden un d'Watteséi.

Durch den Ofschlossdäich ass se mat Nordholland verbonnen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Friesland war ee franséischt Departement vun 1811 bis 1814.

Landschaft[änneren | Quelltext änneren]

Friesland gëtt a 6 verschidde Landschaften ënnerdeelt

Landwirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

Véizuucht a Mëllechsbetriber si fir Friesland e wichtege Wirtschaftsfakteur.

Friesland ass och d'Heemecht vun enger vun den eelste Päerdsrassen, dem sougenannte Friesepäerd, kuerz Fries genannt.

Gemengen an der Provënz[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2019 huet d'Provënz Friesland 18 Gemengen.

(Awunnerzuel um Stand am Joer 2023).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Friesland – Biller, Videoen oder Audiodateien