Provënz Südholland

Vu Wikipedia
Netherlands stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Holland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Flag of the Netherlands.svg Provënz Südholland
Zuid-holland wapen.svg
Flag of Zuid-Holland.svg
Basisdaten
Land Holland
Haaptstad Den Haag
Fläch 3.478,07 km²
Awunner 3.452.323 (01. Januar 2005)
Reliounen Kathoulesch: 17 %
Protestantesch: 24 %
ISO 3166-2 NL - ZH
Websäit Provënz Südholland
Lag
Zuid Holland-Position.png
Tulpefelder
Map South Holland.png

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

D'Provënz Südholland ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen. Si läit am Weste vum Land an ass déi déckst besiidelt, an och déi mat deene meeschten Industrieen.

D'Haaptstad ass Den Haag,

Nopeschprovënze sinn am Norden Nordholland, am Osten Utrecht a Gelderland, am Südosten Nordbrabant, an am Süde Zeeland. Am Weste stéisst se un d'Nordséi.

Wichteg Stied sinn Den Haag wou och de Regierungssëtz ass an den Internationale Geriichtshaff, a Rotterdam. Leiden, Delft, Dordrecht, Schiedam a Gouda sinn historesch Stied.

Am Südoste vu Rotterdam stinn d'Mille vu Kinderdijk, déi zum UNESCO-Weltierwen zielen.

Flëss a Kanäl sinn ënner anerem d'Nieuwe Maas, de Nieuwe Waterweg, d'Oude Maas, den Haringvliet an d'Hollands Diep.

Am Süde vun der Provënz leien am Rhäindelta vill Inselen, déi duerch Brécken an Däicher matenee verbonne sinn:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Provënz Südholland ass 1840 entstanen duerch Deelung vun der aler Provënz Holland a Süd- an Nordholland.

Gemengen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2023 huet Südholland 50 Gemengen. (Awunner um 31. Dezember 2006)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: South Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien