Provënz Drenthe

Vu Wikipedia
Netherlands stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Holland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Flag of the Netherlands.svg Provënz Drenthe
Flag of Drenthe.svg
Basisdaten
Land Holland
Haaptstad Assen
Fläch 2.756,97 km²
Awunner 483.173 (01. Januar 2005)
Reliounen Kathoulesch: 8 %
Protestantesch: 35 %
ISO 3166-2 NL - DR
Websäit Provënz Drenthe
Lag
Drenthe-Position.png

D'Provënz Drenthe ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen a läit am Nordoste vum Land. Am Süde grenzt se un d'Provënz Overijssel, am Westen u Friesland, am Norden u Groningen an am Osten un Däitschland.

Drenthe ass zanter 1839 eng eegestännesch Provënz.

D'Haaptstad ass Assen.

Landschaften[änneren | Quelltext änneren]

Et kann een d'Provënz an dräi Landschaften andeelen:

D'Heedgéigend am Westen[änneren | Quelltext änneren]

Hei fënnt een haaptsächlech arem Sandbiedem. Op deene Biedem huet sech haaptsächlech eng Heedvegetatioun agestallt wou fréier Schof gehale gi sinn. Durch den Asaz vu Kunstdünger sinn déi Biedem méi fruchtbar ginn an d'Schoofszuucht ass no an no duerch Wisen a Felder ersat ginn. Aner Deeler si mat Beem ugeplanzt ginn. Durch grouss Remembrementen huet dat d'Ganzt eng zimmlich geometrisch Andeelung kritt, soudatt vun aler Heedlanschaft net méi vill iwwereg bliwwen ass. Grouss Heedfläche fënnt een nach just am Nationalpark Drentschen Aa am Nordoste vun Assen.

D'Mueren[änneren | Quelltext änneren]

Am Oste vun der Provënz fënnt een vill Mueren, wou Truff ofgebaut gëtt. Fir dat méiglech ze maachen hu missen Entwässerungskanäl ugeluecht ginn. Et gëtt nach zwéi grouss Moueren, den een ass de Bargerveen am Südosten, an am Südweste läit de Fochteloërveen.

D'Kanalgéigend[änneren | Quelltext änneren]

Wëll déi meescht Flëss fir d'Schëffahrt ze kleng waren, sinn ee ganze Koup Kanäl gebaut ginn. Die wichtegst sinn den Drentsche Hoofdvaart, den Noord-Willems-Kanaal, den Hoogeveense Vaart an den Oranjekanaal.

Satelittebild

Gemengen an der Provënz[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1998 huet Drenthe 12 Gemengen.

(Awunnerzuel um Stand vum Dezember 2005).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Drenthe – Biller, Videoen oder Audiodateien