Lithographie
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Technologien | ||
---|---|---|
Sigel-Zylinder | 4100-500 v. Chr. | |
Scheif vu Phaistos | 1850–1400 v. Chr. | |
Xylographie | 200 n. Chr. | |
Taille-douce | ëm 1430 | |
Dréckerei | 1439 | |
Typographie | 1450 | |
Lithographie | 1796 | |
Chromolithographie | 1837 | |
Rotativ Press | 1843 | |
Flexographie | ëm 1890 | |
Offsetdrock | 1903 | |
Quadrichromie | 19. & 20. Jh. | |
Serigraphie | 1907 | |
Sublimatioun | 1957 | |
Fotokopiesmaschinn | ëm 1960 | |
Tampographie | ëm 1960 | |
Laserdrock | 1969 | |
Matrixdrock | 1970 | |
Thermodrock | ||
Tëntestrahldrock | 1976 | |
Digitalen Drock | 1993 | |
3D-Drock |
D'Lithographie (vum algriich.: λίθος lithos, „Steen“ an γράφειν graphein, „schreiwen“) ass den eelste Flaachdrockprocedé an huet am 19. Joerhonnert zu den am meeschten agesaten Drocktechnike fir faarweg Drocksaache gezielt. Mat Lithographie oder Steendrock gi bezeechent:
- eng Steenzeechnung als Drockvirlag am Kader vum Steendrockprocedé,
- en Ofzog (Faarfiwwerdroung) vum Steen op gëeegente Pabeier an der Steendrockpress,
- den handwierklechen oder maschinelle Steendrockprocedé u sech.
E Lithograph ass een, deen déi Steenzeechnung, also déi Texter a Biller, déi gedréckt solle ginn, op engem Lithographiesteen manuell a säiteverkéiert zeechent.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Steendrock baséiert op eng Erfindung vum Alois Senefelder aus dem Joer 1798. Hie war am 19. Joerhonnert deen eenzege Drockprocedé, dee gréisser Oploe vu faarwegen Drocksaachen erméiglecht huet. Bis ëm 1930 gouf de Steendrock fir verschidden Drocksaache ganz heefeg agesat, gouf awer duerno sukzessiv vum Offsetdrock ofgeléist a gëtt haut just nach am Konschtberäich agesat. Fir déi haiteg Masseproduktioun vun Drocksaachen ass de Steendrock net geeegent, well en am Verglach mat anere modernen Drocktechniken onwirtschaftlech ass.
Bekannt Lithographen
[änneren | Quelltext änneren]- Emil Adam
- Horst Antes
- Louis-Léopold Boilly
- Georges Braque
- Julius Bretz
- Bruno Bruni
- Ramon Casas
- Marc Chagall
- Jules Chéret
- Ralph Chubb
- Le Corbusier
- Fritz Cremer
- Salvador Dalí
- Honoré Daumier
- Jean Dubuffet
- Hans Erni
- Max Ernst
- Nicolas Henri Jacob
- Maurits Cornelis Escher
- Adolph Friedländer
- Otto Greiner
- Gröger & Aldenrath
- Franz Hanfstaengl
- Paul Klee
- Käthe Kollwitz
- Josef Kriehuber
- Christian Kruck
- Marino Marini
- Jonathan Meese
- Joan Miró
- Henry Moore
- Erich Mönch
- Alfons Maria Mucha
- Edvard Munch
- Emil Nolde
- Otto Pankok
- Pablo Picasso
- Daniel Richter
- Domenico Quaglio
- Johann Gottfried Schadow
- Karl Schmidt-Rottluff
- Alois Senefelder
- Théophile-Alexandre Steinlen
- Gottlob Theuerkauf
- Henri de Toulouse-Lautrec
- Andreas Paul Weber
- James McNeill Whistler
- Fritz Wotruba
- Paul Wunderlich
- Mihály Zichy
- Heinrich Zille
Lithographien aus oder iwwer Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]-
Die einheimischen Giftpflanzen
Mathias Kraus (1887)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Senefelder, Aloys, 1818. Vollstaendiges Lehrbuch der Steindruckerey. [1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lithographie – Biller, Videoen oder Audiodateien |