Op den Inhalt sprangen

Marc Chagall

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Marc Chagall
Gebuertsnumm Моисей Хацкелевич Шагал, Мойша Захаравіч Шагалаў
Pseudonym Shagal, Moishe
Gebuer 24. Juni 1887 jul.
Liozna
Gestuerwen 28. Mäerz 1985
Saint-Paul-de-Vence
Nationalitéit Frankräich, Russescht Keeserräich, Sowjetrussland, apatride
Educatioun Académie de la Palette
Aktivitéit Moler, Graveur, Dichter, Lithograph, Designer, Graphiker, Illustrateur, Zeenograph, Sculpteur, Bauzeechner, Keramiker, Zeechner
Auteursrechter Wierker sinn duerch Auteursrechter geschützt
Member vun Royal Academy of Arts, Koninklijke Vlaamse Academie van België voor Wetenschappen en Kunsten
Gielercher Grand-croix de la Légion d'honneur, Erasmuspräis, Honorary doctor of the Catholic University of Louvain
Famill
Bestuet mat Bella Rosenfeld (25.7.1915–2.9.1944),
Virginia Haggard (1945–1952),
Valentina Brodsky (7.1952–28.3.1985)
Kanner David McNeil

De Marc Chagall, gebuer de 25. Junijul./ 7. Juli 1887greg. zu Liosna bei Wizebsk, Wäissrussland, a gestuerwen den 28. Mäerz 1985 zu Saint-Paul-de-Vence, Frankräich, war e wäissrussesch-franséische Moler.

A senge Biller, Mosaicker an och an de vun him entworfene Fënsteren an Theaterkulisse fënnt ee Symboler, déi ëmmer erëmkommen. Hie gëtt als ee vun de bedeitendste Moler vum 20. Joerhonnert ugesinn. De Marc Chagall ass als Moishe Zakharovich Shagalov (franséisch Transkriptioun vum russeschen Numm; wäissrussesch Мойша Захаравіч Шагалаў/Moischa Sacharawitsch Schahalau), ofgekierzt Moishe Segal, opgewuess. De Chagall ass staark vu sengem äermlechen, jiddeschen Elterenhaus geprägt ginn.

De Marc Chagall ass zu Saint-Paul-de-Vence an der Provence begruewen. Säi Graf gëtt vu villen Touriste besicht.

 Commons: Marc Chagall – Biller, Videoen oder Audiodateien