Escher-Musée

Vu Wikipedia
Escher-Musée
Land Holland
Gemeng Den Haag
Koordinaten 52°4'59,99"N, 4°18'51,01"O
Datum vum Bau 15. November 2002
Genannt no M. C. Escher

Den Escher-Musée (Escher in het Paleis) ass e Musée an der Alstad vun Den Haag, an deem Wierker vum hollännesche Kënschtler a Grafiker M. C. Escher ausgestallt ginn. E goung de 16. November 2002 op.

De Musée ass am fréiere Paleis Lange Voorhout aus dem 18. Joerhonnert installéiert, an deem d'Kinnigin Emma bis 1891 gelieft huet. Am Musée sinn eng sëllege Privatfotoen, Lithographien a Skizzen ze gesinn, déi en Androck ginn, wéi den Escher déi verschidde Wierker (Parkettagen an Onméiglech Geometrien) geschaf huet.

Et gëtt och eng multimedial Rees (The Escher Experience) duerch dem Escher seng Welt gebueden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Escher-Musée – Biller, Videoen oder Audiodateien

7