Josh Groban

Vu Wikipedia
Josh Groban
Josh Groban (Cropped).jpg
Gebuer 27. Februar 1981
Los Angeles
Nationalitéit USA
Educatioun Carnegie Mellon University
Aktivitéit Liddermécher, Museker, Operesänger, Schauspiller, Pianist, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Josh Groban, gebuer de 27. Februar 1981 zu Los Angeles, ass en amerikanesche Popsänger (Stilrichtung: "Popera") mat klassesch ausgebilter Stëmm (Bariton). Hie séngt "Klassik-Pop" op Englesch, Italieenesch, Spuenesch an op Franséisch. Produzéiert gëtt hien haaptsächlech vum David Foster.

1998 gouf de Groban vun Starproduzent David Foster entdeckt. Nëmmen 1 Joer méi spéit huet hie bei der Grammy-Iwwerreechung mat der weltbekannter Sängerin Céline Dion "The Prayer" gesongen. Spéitstens dunn, huet seng Carrière eréischt richteg ugefaangen. Hie krut eng Gaaschtroll an der amerikanescher Kult-Sendung "Ally McBeal", huet zesumme mat der Charlotte Church op der Ofschlossfeier vun den Olympesche Wanterspiller zu Salt Lake City gesongen, genee sou wéi um Broadway a beim Super Bowl.

Doriwwer eraus huet de Josh Groban de Soundtrack vun Filmer, wéi zum Beispill A.I. (Duett mam Lara Fabian), Troy (Remember) an The Polar Express (Believe) gesongen.

Charity[änneren | Quelltext änneren]

Ënner der Leedung vu sengem Mentor, dem David Foster, séngt den Groban bei villen Charity Eventer, dorënner VH1 Save the Music (2005), Tsunami Aid: A Concert of Hope (2005), The Heart Foundation Gala (2005), David Foster and Friends Charity Gala (2006), Live 8 (2005). Inspiréiert vun enger Visite mam Nelson Mandela, wärend senger Rees duerch Südafrika am Joer 2004, grënnt hien d'Josh Groban Foundation. Dës Fondatioun soll aarme Kanner hëllefen, ze léieren a gesond ze ginn/bleiwen. De Mandela huet de Groban als Official Ambassador for Mandela's Project (46664) ernannt. Dës Campagne soll hëllefen, weltwäit op déi séier Ausbreedung vun HIV/AIDS an Afrika opmierksam ze maachen.

Discography[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • Josh Groban (2001)
  • Closer (2003)
  • Closer (Special Edition) (2003)
  • Closer (Internet Edition) (2003)
  • Awake (2006)
  • Awake (Special Edition) (2006)
  • Awake (Internet Edition) (2006)
  • With You (2007) (nemmen an Amerika erhältlech)
  • Noël (2007)
  • Noël (Special Edition) (2007) (nemmen an Amerika erhältlech)

DVD[änneren | Quelltext änneren]

  • Josh Groban In Concert (2002)
  • Closer (Special + Internet Edition) (2003)
  • Live at the Greek (2004)
  • Awake (Special + Internet Edition) (2006)
  • Noël (Special Edition) (2007) (nemmen an Amerika erhältlech)
  • Awake - The Live CD-DVD (2008)

Konzerten[änneren | Quelltext änneren]

  • Josh Groban In Concert (2002)
  • CHESS: Actors' Benefit Fund Concert (2003)
  • Live At The Greek (2004)
  • Come Together Now - Hurricane Relief Concert (2005)
  • Awake - The Live CD-DVD (2008)

Schauspillerei[änneren | Quelltext änneren]

  • Ally McBeal Staffel 4 Box Set 2 (DVD) - 2002 - An der Episode "The Wedding", spillt den Josh Groban den Charakter Malcolm Wyatt a séngt "You're Still You"
  • Ally McBeal Staffel 5 Box Set 1 (DVD) - 2003 - An der Episode "Nine One One", spillt den Josh Groban den Charakter Malcolm Wyatt a séngt "To Where You Are"

Diverses[änneren | Quelltext änneren]

  • Sarah Brightman: La Luna: Live in Concert (DVD) Duet beim Lidd "There for Me" (2001)
  • A.I. - Artificial Intelligence Original Motion Picture Score - Duet beim Lidd "For Always" (mam Lara Fabian) (2001)
  • Prelude: The Best of Charlotte Church - Duet beim Lidd "The Prayer" (2002)
  • Enchantment: Charlotte Church (DVD) - Duet bei den Lidder "Somewhere" an "The Prayer" (2002)
  • Duets (Streisand album)|Duets with Barbra Streisand - Duet beim Lidd "All I Know Of Love" (2002)
  • Concert for World Children's Day (DVD) - Huet den Josh Groban "Gira Con Me," "To Where You Are," "The Prayer" (Duet mam Céline Dion), and "Aren't They All Our Children Anthem" (de ganzen Cast) gesongen (2003)
  • Troy Soundtrack - Remember" mam Tanja Tzarovska (2003)
  • The Polar Express Soundtrack - "Believe" (2004)
  • Hurricane Relief - Come Together Now - Huet den Josh Groban d'Lidder "Alla Luce Del Sole" an "Tears in Heaven" gesongen (2005)
  • Michael Bublé - Caught in the Act - Trett den Josh Groban als Gastsenger op (2005)
  • Lady in the Water (Teaser Trailer) - "Mi Mancherai (Il Postino)" (2006)
  • Barbara Cook at the Met (CD) - Duet bei den Lidder "Move on" and "Not While I'm Around" (2006)
  • American Music Awards - Huet den Josh Groban "February Song" gesongen (2006)
  • Kennedy Center Honors - Huet den Josh Groban d'Lidd "Music of the Night" fir den Andrew Lloyd Weber gesongen (2006)
  • Macy's Thanksgiving Day Parade - 2006 - Huet den Josh d'Lidd "February Song" (vu sengem Album Awake) gesongen
  • American Idol Gives Back [1]- 2007 - Huet den Josh d'Lidd "You Raise Me Up" mat The African Children's Choir gesongen
  • Concert For Diana - 1. Juli 2007 - Huet den Josh d'Lidd "All I Ask Of You" aus dem "Phantom of The Opera" zesumme mat der Sarah Brightman gesongen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Josh Groban – Biller, Videoen oder Audiodateien